De Schued duerch Naturkatastrophe louch d’lescht Joer weltwäit bei 320 Milliarden Euro, esou de Reassureur Munich Re. Dat war däitlech méi wéi an de Jore virdrun. Nieft Äerdbiewe wier de Klimawandel fir d’Entwécklung vun 2024 responsabel, huet et rezent geheescht.
De Summer als neie "Katastrophemount"
Hei am Land hätt et d’lescht Joer nëmmen eng richteg Naturkatastroph ginn, wéi et den 29. Juni “schrecklech gereent” hat, esou den Administrateur-Délégué vun der ACA, de Marc Hengen. Dat eleng hätt de Lëtzebuerger Assurancësecteur 24 Milliounen Euro kascht. Dës Zomm wier awer niddreg am Verglach mat de Schied aus de Jore virdrun. Déi Jore virdrun hätt een am Ganzen iwwer 300 Milliounen Euro bezuelt.
"Et ass mat deenen Iwwerschwemmungen am Fong, déi deemools och am Summer komm sinn, duerch staarke Reefall ass et ugaangen, an dunn natierlech den Tornado, wat am Fong quasi eng nei Ära ageluecht huet, wat d'Naturkatastrophen zu Lëtzebuerg ugeet."
Et hätt ee virdru schonn dacks gesinn, datt am Januar d'Musel oder d'Uelzecht oder aner Flëss iwwer hir Uferen trieden, wéinst staarkem Reen oder Schnéi oder Schnéischmëlzen. Dat géing et elo manner, bezéiungsweis guer net méi ginn, betount de Marc Hengen. Elo sinn d'Katastrophen haaptsächlech am Summer duerch entweeder staark Reefäll, duerch Donnerwiederen, oder eeben Iwwerschwemmungen.
Nei Schied wäerte kommen
Déi Schied, déi een hat, waren all ongewinnt nei. Et kéint een also denken, datt dat een neie Wiederphenomeen wier.
"Mir hunn och dat Joer virdru gesi gehat, do war et dräi Deeg laang, wou et riicht era gereent huet, an zwar am ganze Land. An dat ass fir een Assureur am Fong dat Schlëmmst, wat ka passéieren."
Et kéint ee sech drop astellen, datt ëmmer erëm nei Schied wäerte kommen.
Eng aner Saach, déi een och nach feststellt, dat wier, datt Lëtzebuerg wat de Reefall ugeet ganz dacks op enger Grenz leie géing.
"An dann ass et eeben eng Wiedergrenz, déi enzwousch duerch Nordfrankräich geet. An ob mir entweeder drafalen oder just eeben net drafalen."
Wäerte verschidde Schied net méi kënne verséchert ginn?
Ass d’Konsequenz dovun, datt d’Leit méi fir hir Assurancë musse bezuelen, also datt d’Primme wéinst dem Klimawandel klammen?
D'Logik wéilt natierlech, datt wann ëmmer méi Schied kommen, datt dann d'Cotisatiounen oder d'Primmen och an d'Luucht géife goen. Mee dem Marc Hengen no géing all Gesellschaft do hir eege Krittäre maachen.
Theoretesch wier et méiglech, datt den Dag kéim, datt wéinst dem Klimawandel verschidde Schied net méi kéinte verséchert ginn, esou de Marc Hengen. Dat wier awer fir de Moment keng Tendenz, déi et zu Lëtzebuerg géif ginn, ënnersträicht de Vertrieder vun der ACA.