Engersäits e Loftofwiersystem, dee soll opgebaut ginn, an anerersäits de belsch-lëtzebuergesche Batailloun, zu deem et awer nach vill Froe géif ginn.
Ouni dee Batailloun géif Lëtzebuerg d’Zil vun 2 Prozent nimools erreechen. Fir d’Belsch wier deen awer just en Detail, sou de François Bausch. Donieft géif de Loftofwiersystem richteg eppes kaschten, mee Lëtzebuerg hätt keng Experienz domat.
Budget misst verduebelt ginn
Den Deputéierte vun déi gréng gouf nach zur Verdueblung vum Budget ze bedenken, datt dee Budget vun 2030, fir all Joer géif gëllen.
„Ech weess: Dat, wat richteg vill Sue kascht, dat ass natierlech Kapazitéiten um Buedem, dat ass wierklech d’Arméi selwer, wou och Exploitatiounskäschten hannendru stinn.”
Vun 2030 u géifen deemno all Joer 700 Milliounen Euro méi fir d’Defense ausgi ginn. Och den LSAP-Deputéierte Georges Engel huet dowéinst vun enormen Ausgabe geschwat. D’Ministesch hätt gesot, d’NATO misst sech op hir Käraufgabe konzentréieren.
Piraten: Investment ass néideg
Nieft militäresche géif et awer nach anerer ginn: Demokratië stäerken, déi um Wackele sinn an et an nächster Zäit zu engem Krich kéint kommen. Dem LSAP-Vertrieder no misst d’NATO sech doriwwer eraus mam Thema Energieversuergung befaassen.
De Sven Clement fënnt, datt en Investment noutwendeg wier. De Friddensdivident, dee Lëtzebuerg déi lescht Joerzéngte krut, wier e Prêt, deen iergend eng Kéier misst zeréckbezuelt ginn.
De Piraten-Deputéierten huet sech zum Beispill fir e Réngtausch mat anere Länner ausgeschwat, fir d’Ukrain ze ënnerstëtzen.
Analys vun de Budgete vun anere Länner
D’Nancy Kemp-Arendt huet erkläert, dass de GovSat-1 ausleeft an dofir eventuell un e GovSat-2 geduecht gëtt. Och si ass op de Loftofwiersystem ze schwätze komm, fir dee Lëtzebuerg „absolut keng Erfarung huet“. Dofir wier et gutt, elo eng Analys ze maachen an där gekuckt gëtt, wat aner Länner an hir Budgete fir d‘NATO arechnen.