arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 2 Doudeger no Schéisserei op US-Uni

USA

|
headphones

1 min

2 Doudeger no Schéisserei op US-Uni

No enger Schéisserei op der Brown Universitéit am Bundesstaat Rhode Island sinn zwee Studenten ëm d'Liewe komm. De presuméierten Täter ass op der Fluch. Fir de Moment gëllt dann och eng Ausgangsspär op der Uni.

headphones

1 min

Police | © Frank Hoermann / SVEN SIMON
Police (Foto: Frank Hoermann / SVEN SIMON)

9 weider Mënsche si bei dësem arméierten Ugrëff blesséiert ginn, esou de Buergermeeschter vun der Stad Providence. Si wieren an engem kritteschen, mee stabillen Zoustand. Och hei handelt et sech ëm Studenten.

D'Brown University gehéiert zur sougenannter Ivy League an zielt eng 11.000 Studenten a Studentinnen.