Radioen

On air

Notturno  |  Rosie Lowe - There Goes the Light

play_arrow Live
search

/ 5 Doudeger no Amokfaart op Magdeburger Chrëschtmaart

Iwwer 200 Blesséierter

5 Doudeger no Amokfaart op Magdeburger Chrëschtmaart

D‘Zuel vun den Doudesaffer no der Amokfaart um Chrëschtmaart zu Magdeburg ass geklommen. De Bilan läit elo bei 5. Ënnert den Affer ass e klengt Kand. De Bilan kéint weider klammen. 41 Leit wiere schwéier blesséiert. 

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Heiko Rebsch
Foto: picture alliance/dpa | Heiko Rebsch

De Mann, dee gëschter um Freidegowend eng Amokfaart op engem Chrëschtmaart zu Magdeburg an Däitschland gemaach huet, ass een islamkriteschen Aktivist, deen aus Saudi-Arabie staamt. 

Hien ass een Dokter vu 50 Joer, deen zënter 2006 an Däitschland lieft. Hien huet an der läscht Virwërf géint déi däitsch Autoritéite formuléiert, datt si net genuch géint den Islamismus géinge maachen.

200 Blesséierter

D‘Fro vum Motiv vu senger Amokfaart vu gëschter Owend bleift weider ongekläert. Hien hat 5 Persounen déidlech iwwerrannt an iwwer 200 Mënsche blesséiert. 

D'Autoritéite schléissen een terroristeschen Hannergrond aus. De Mann wier den Autoritéite bis ewell net als Islamist bekannt gewiescht.

Den Täter ass 400 Meter mam Auto gefuer, ier hie gestoppt gouf. Fir op de Chrëschtmaart eran ze kommen, hätt hien e Lach tëschent de Bëtongsbléck fonnt, déi esou Manifestatioune solle securiséieren.

Haut um Samschdeg kënnt de Bundeskanzler Olaf Scholz op Magdeburg, fir sech e Bild vun der Plaz ze maachen.

Virgëschter um 19. Dezember waren et 8 Joer hier, datt een islamisteschen Attentäter mat engem Camion op e Chrëschtmaart zu Berlin gefuer war. Deemools waren 12 Mënschen ëm d‘Liewe komm.