Radioen

On air

Notturno  |  Lata Gouveia - The Road Is Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwergangsbudget net duerchgaang: USA riskéieren hënt ee Shutdown

USA

Iwwergangsbudget net duerchgaang: USA riskéieren hënt ee Shutdown

E méigleche Shutdown an den USA réckelt ëmmer méi no. Dat nodeems de Vott vun engem däitlech ofgespeckten Entworf fir en Iwwergangsbudget Donneschdegowend am US-Representantenhaus net duerchgaangen ass. 

auto_stories

1 min

headphones

2 min

© picture alliance play_arrow
Foto: picture alliance

D'Republikaner hunn op Drock vum designéierten US President Donald Trump a senger neier Vertrauenspersoun Elon Musk dee schonn ausgehandelte Budgetsentworf ofgeleent. 

Am Budget waren iwwert 100 Milliarden US-Dollar fir d'Katastrophenhëllef ënnert anerem fir déi betraffe Gebitter vum Hurrikan Milton an Helena virgesinn. Niewent den däitlech reduzéierten Ausgaben haten d’Republikaner an hirem neien Entworf och een Aussetze vum Plaffong vun de Staatsscholde bis 2027 gefuerdert.

Demokrate kritiséieren den Afloss vum Elon Musk

Demokraten argumentéieren, datt den Donald Trump sou säin ugekënnegte Steierplang finanzéiere wëll. D’Roll vum Tech-Millardär Elon Musk an dëser Affär gouf vun den Demokraten och schaarf kritiséiert. Si schwätze vum "Poppespiller” an “President Musk”. Den Tech-Millardär soll an der Trump Regierung bei der Kierzung vun de Regierungsausgaben hëllefen. Dat hat den Donald Trump schonn am November ugekënnegt.

Wann et net geléngt bis hënt um Mëtternuecht Lokalzäit een Accord ze fannen, ginn d'Regierungsgeschäfter op Äis geluecht. Iwwer 100.000 Staatsbeamte géifen dann an de Congé sans solde geschéckt ginn.

Wärend dem Donald Trump senger éischter Amtszäit war et ëm de Joreswiessel 2018-19 schonn zum längste Shutdown vun der amerikanescher Geschichte komm. 5 Woche war ee sech hei net eens ginn iwwert déi geplangten US-Grenzmauer zu Mexiko.