D‘AVeterinärsverwaltung ALVA warnt, dass den Ustiechungsrisiko fir Hausdéieren héich bleift. Dofir mécht d‘ALVA de Rappell, fir d‘Mesuren, déi a Kraaft sinn, fir de Kontakt mat wëllen Déieren ze verhënneren, strikt respektéiert misste ginn. Dozou gehéiert, dass Hinger an aner Gefligel banne musse bleiwen.
arrow_back_ios
Noriichten
Veterinärsverwaltung
|18 Fäll vu Vullegripp bekannt
De Vullegripp-Virus breet sech weider hei am Land aus. Wéi d‘Veterinärsverwaltung matdeelt, goufen zwee nei Fäll vum H5N1-Virus bei wëlle Vullen detektéiert. Domat si bis elo zu Lëtzebuerg 18 Fäll bekannt, an zwar bei Reieren an Hoergänsen.
Doudeg Hoergänse ginn uechter Däitschland agesammelt (Foto: picture alliance/dpa | Christophe Gateau)