arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 139 Mënschen hunn am Abrëll zu Lëtzebuerg Asyl ugefrot

Inneministère

|
reading time

1 min

139 Mënschen hunn am Abrëll zu Lëtzebuerg Asyl ugefrot

Déi meescht vun den Demande komme vu Leit aus Syrien, Erithrea, Ukrain a Venezuela. Déi Zuelen huet den Inneministère matgedeelt.

reading time

1 min

© picture alliance / dpa | Stefan Rampfel
(Foto: picture alliance / dpa | Stefan Rampfel)

Donieft hunn am Abrëll 54 Demandeuren de Flüchtlingsstatut accordéiert kritt.

Et goufen iwwerdeems eelef Retouren, siwen dovu fräiwëlleg a véier forcéiert Retouren.

Dann hunn am Abrëll och 99 Persounen eng Demande fir eng Protection temporaire gemaach, déi meescht dovu sinn Ukrainer:innen. 75 hunn déi och accordéiert kritt.