Déi israeelesch Arméi huet hënt mat enger gréisserer Operatioun am besate Westjordanland ugefaangen a schwätzt vun enger "Anti-Terrorismus-Aktioun". D'Stad Dschenin soll lokale Medien no mat Militärgefierer komplett ofgerigelt gi sinn. Och Klinicken an Ambulanze sollen den Ament blockéiert sinn.
Hoffnung matzen an der Gewalt am Noen Oste gouf et awer nach den Dënschdeg, nodeems eng Geisel aus engem Tunnel vun der islamistescher Hamas konnt befreit ginn. Den 52 Joer ale Beduine gouf an eng Klinik bruecht a soll israeeleschen Aussoen no gesond sinn.