search

/ 1,63 Millioune Syrer zeréckgaangen – Net vill aus Däitschland

International

|
reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow

1,63 Millioune Syrer zeréckgaangen – Net vill aus Däitschland

Zënter dem Fall vum Assad-Regimm a Syrien am Dezember 2024 wiere bis elo 1,63 Millioune Flüchtlingen an Deplacéierter zeréck an hiert d’Land gaangen. Déi meescht dovunner kommen awer aus de Nopeschlänner vu Syrien. Aus Däitschland sinn et der ganz wéineg, huet den UNHCR matgedeelt.

reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow

D’Zeitung Welt am Sonntag hat als éischt doriwwer bericht.  Den Haut commissariat aux réfugiés vun de vereenten Natiounen freet eng international Hëllef fir de Retour vun deene Leit kënnen ze encadréieren.  

Enn Mäerz war de syreschen Interimspresident Achmed Al Sharaa an Däitschland fir eng Visite a fir eng Renconter mam Kanzler Friedrich Merz.

Däitschland hat déi allermeescht syresch Flüchtlingen opgeholl, et sinn der ronn 900.000 nach am Land. 2025 sinn der just eng 3.700 fräiwëlleg zeréck gaangen.  Et géif ee fir den Ament keng Syrer dozou forcéieren zeréckzegoen, well déi lokal Situatioun nach net stabel genuch ass, just Persounen déi géint d’Gesetz verstouss hu ginn zeréckgeschéckt.

Renconter tëschent Ahmed al-Sharaa a Friedrich Merz

Wéi vill Syrer an den nächsten dräi Joer zeréck an d’Heemecht ginn, doriwwer gouf et am Kontext vun där Renconter mam syreschen Interimspresident eng Polemik. Op der Pressekonferenz hat de Bundeskanzler gemengt, datt ronn 80 Prozent vun de syresche Flüchtlinge bannent deenen nächsten dräi Joer géifen Däitschland verloossen.

Wéinst de Kriticke vu Politik an Zivilgesellschaft, hat de Friedrich Mertz präziséiert, datt dat d’Zil wier vum syreschen Interimspresident.

Esou ee massive Retour misst begleet a präparéiert ginn, warnt den UNHCR. Vill Leit riskéieren nämlech guer keng Wunneng oder Aarbecht méi ze hunn. 

Eng humanitäR Katastroph verhënneren

Den UNHCR huet bis Mëtt Abrëll 640.000 Flüchtlingen aus der Tierkei, 630.000 aus dem Libanon an 285.000 syresch Flüchtlingen aus Jordanie registréiert, déi nom Fall vum Assad-Regimm nees zeréck an hiert d’Land gaange sinn. 

Vill vun hinne flüchten elo virun deenen neie Konflikter am Noen Osten. Allerdéngs géifen d’Konditioune fir ee mënschleche Retour net stëmmen. Syrer déi aktuell de Libanon verloossen, si virun den israeeleschen Attacke geflücht an hu weder Kleeder nach Iesse mat derbäi.

Den haut Commissariat aux réfugiés vun de Vereenten Natiounen, fuerdert also och datt  een eng nei humanitär Katastroph verhënnert.

An datt déi westlech Länner fir den Ament just ee fräiwëllege Retour ënnerstëtzen, bis datt d’Situatioun sech a Syrie stabiliséiert huet.

play_arrow Lauschteren