Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 1,25 Milliounen Impfdosisse géint Polio ginn an d'Gazasträif geliwwert

Kannerlämung

1,25 Milliounen Impfdosisse géint Polio ginn an d'Gazasträif geliwwert

An der Gazasträif sollen an den nächsten Deeg Honnertdausende Kanner géint Polio geimpft ginn. De leschte Freideg war en éischte Fall vun der Kannerlämung bei engem Puppelchen an der Gazasträif confirméiert ginn. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / Zerbor/Shotshop | Zerbor
Foto: picture alliance / Zerbor/Shotshop | Zerbor

Et wieren 1,25 Milliounen Impfdosisse géint Polio an dat palästinensescht Gebitt bruecht ginn, huet Israel matgedeelt. D'Impfcampagne soll esou séier wéi méiglech ufänken. 

D'Verhandlungen iwwer eng Wafferou an der Gazasträif stiechen an enger Sakgaass. Bei de leschte Verhandlungen zu Kairo hätt et kee Progrès ginn. Israel an d'Hamas géife bei hiren ënnerschiddleche Positioune bleiwen, mellt déi däitsch Presseagence. Si berifft sech dobäi op Informatiounen aus ägyptesche Sécherheetskreesser.