Klassik Aktuell
Wéi ee Komponist hëlt ee mat op eng verloossen Insel?
11 min
Dëse Sonndeg spillt de Lëtzebuerger Pianist Francesco Tristano e Concert am Buerglënster Schlass. Dat ass eng besonnesch Plaz fir de Lëtzebuerger Pianist, well do huet hien och säin alleréischte Piano Récital mat 13 Joer gespillt. Um Programm steet ënner anerem Musek vum Bach - dee Komponist, deen de Francesco Tristano definitiv mat op eng verloossen Insel géif bréngen.
Viru Kuerzem huet de Pianist och een neien Album mat Bach-Musek erausbruecht, an dat mat sengem eegene Label intothefuture. Säi Plang ass et, an den nächsten 20 bis 30 Joer dat ganzt Wierk vum Bach opzehuelen.
Doriwwer an iwwer säi Concert de Sonndeg huet d’Marie Schockmel sech mat him ënnerhalen.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel