Klassik Aktuell
Hanner den Téin
4 min
Als Dirigent huet de Pit Brosius vill Kontakt mat Neier Musek a gëtt ëmmer erëm a spannend Gespréicher mat Museker:innen verwéckelt. Am Podcast Hanner den Téin stellt hien dës perséinlech Diskussiounen an Anekdoten - déi normalerweis soss keen héiert - eemol de Mount an de Mëttelpunkt. Hie wëllt vu sengen Invitéë wëssen, wéi si d’Musek aus eiser Zäit gesinn, wat si doru faszinéiert, wat si inspiréiert a wat si domat ausdrécke wëllen.
Am éischten Episod trëfft sech de Pit Brosius mam lëtzebuergesche Komponist Camille Kerger. Seng Musek, mee och hien als Persoun faszinéiert de Public ëmmer erëm mat ganz vill Charme a Wëssen. Hien erzielt, wat hien alles begeeschtert a wéi ee seng Inspiratiounen a senger Musek héiere kann. Doriwwer eraus gëtt hien en exklusiven Abléck a seng nei Kompositioun Music for Three.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel