Sot Emol
Martin Engler: "Den Dag ass 24 Stonne laang a ënnerschiddlech breet"
55 min
Hien ass Schauspiller, Museker, Sänger, Komponist, Regisseur, Spezialist fir Lauschterstécker asw. An de leschte 14 Joer hutt Dir méi wéi emol op der Antenn vum 100,7 säin Numm héieren, rieds geet vum Martin Engler.
De Martin Engler huet Theaterwëssenschaften, Philosophie a Politikwëssenschafte studéiert an dunn och e Schauspillstudium op der Ernst Busch Héichschoul zu Berlin gemaach. Säin Theaterwee huet hien duerch verschidde kulturell Approchë geféiert, hie war ënner anerem zu Berlin, Wien, Basel, Lyon, Dublin an eben och Lëtzebuerg. De Martin Engler war schonn 2010 bei der éischter Editioun vum Fundamental Monodrama Festival mat derbäi, an och dëst bei der scho 14. Editioun, déi nach bis den 17. Juni leeft.
An dat mat engem an zweegedeelten Owend, bei deem een Numm erausstécht: den däitsche Schrëftsteller Helmut Heissenbüttel.
Den Numm vum Martin Engler ass och enk mat Lëtzebuerg verbonnen duerch seng Frëndschaft zum Lëtzebuerger Acteur Steve Karier.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus