Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Possing - Folk Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

Eurovision Song Contest

100komma7.lu / Eurovision Song Contest

/ Luxembourg Song Contest Live

Luxembourg Song Contest Live

Haut den Owend (27.1.) decidéiert sech, wéi eng Lëtzebuerger Musekerin, Band oder Museker Lëtzebuerg zu Malmö beim Grand Prix d’Eurovision representéiere wäert. Et ass fir d’éischt zanter 1993, datt nees eng lëtzebuergesch Participatioun preparéiert gëtt, an den Interêt am Virfeld ass deemno grouss. E war och grouss bei de Lëtzebuerger Museker, vun deene sech méi wéi erwaart fir de Concours ugemellt haten, och wann d’Reegelwierk vum Concours wärend der Selektioun fir e puer héichgezunnen Aperhoer gesuergt huet.

Angy & Rafa Ela, Naomi Ayé, ChAild, Edsun, Krick, Tali, Joel Marques a One Last Time sinn um Enn déi aacht Kandidaten, déi sech op der Bün vun enger zanter Laangem ausverkaafter Rockhal géigeniwwer stinn. D’Show geet um 20 Auer lass.
Um radio 100,7 fänkt d’Live-Iwwerdroung schonn um 7 Auer un, mat Hannergrënn, Gespréicher a Musek.
D’Sophie Morang an de Marc Clement kommentéieren d‘Show, d’Sophie Schroeder an d’Michelle Barthel rapportéiere vum Terrain. Entdeckt déi aacht Acts an héiert de Concours live aus der Rockhal, bis 22 Auer.

mic_none

Presentéiert vum

Episod