Op zwee Ziedelcher huet de Franz Kafka, viru sengem Doud, säi Frënd, de Max Brod, beoptraagt bal all seng Manuskripter ze verbrennen. Wat dësen awer net gemaach huet. Vun den Nazie wiere se och verbrannt ginn, wann de Max Brod se net nach eng Kéier gerett hätt. Dat erzielt d’Léa Veinstein an hirem spannende Buch “J’irai chercher Kafka”, dat si viru Kuerzem bei Flammarion erausginn huet. Si ass beim Jean Portante op Besuch fir dëst onwarscheinlecht Abenteuer vum Kafka senge Manuskripter ze erzielen, déi schliisslech zu Jerusalem, an der Nationalbibliothéik vun Israel, gelant sinn.
arrow_back_ios
Voix d'auteurs
Léa Veinstein
headphones
60 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden
Mathias Énard
Den Auteur, deen 2015 de Goncourt fir säi Buch “Boussole” krut a schonn Invité war, schwätzt dës Kéier iwwer deen éischte Band vu senger Quadrilogie “Mélancolie des confins” ze schwätzen. “Nord” ass den Ënnertitel.

Jeanne Benameur
Gläich dräi Bicher vun der Jeanne Benameur koumen dëse Januar a Frankräich eraus: de Roman “Vivre tout bas”, den Essai “Vers l’écriture” an de Gedichtb an an de Gedichtband “Nous vous parlons d’amour”.

Ingrid Glowacki
Déi jonk Schrëftstellerin erzielt an hirem Roman "La poète aux mains noires” d’Geschicht vun enger bal vergiessener Sculptrice aus dem 19. Joerhonnert.

Patrick Deville
Viru méi wéi 20 Joer huet de Schrëftsteller huet de Projet “ABRACADABRA” gestart, bei deem hien op de Spuere vun anere Schrëftsteller, Wëssenschaftler an Artisten ass.
D’Rentrée littéraire
De Jean Portante an de Jeff Schinker geheien hire kritesche Schrëftsteller-Bléck op d’Rentrée littéraire mat hiren Honnerte vu Romaner an Essayen a presentéieren eng Rëtsch nei Bicher, fir déi si e Coup de cœur hunn.
Léa Veinstein
D’Léa Veinstein erzielt an hirem spannende Buch “J’irai chercher Kafka” iwwer dat onwarscheinlecht Abenteuer vum Kafka senge Manuskripter.
D’Lydie Salvayre
Zu Gaascht mat engem Buch, an deem Recht op d'Faulenze gefuerdert gëtt. “Depuis toujours nous aimons les dimanches” ass den Titel.
Jack Kerouac
“Sur le chemin” huet de Kerouac op Franséisch geschriwwen, an zwar no “On the Road”. Just, datt keen dat wousst. Bis et, viru Kuerzem, entdeckt gouf. An Enn 2023 bei Gallimard erauskoum.

Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore
Eng spannend Rees duerch den Universum vun der Metapher, déi an de Grotte vun den éischte Mënschen ufänkt a vun der Poesie bis bei eis bruecht gouf.
Max de Paz - La manche
Dem jonke Schrëftsteller säin éischte Roman handelt vun de Liewensconditioune vu Mënschen ouni Doheem zu Paräis.

Léa Veinstein
D’Léa Veinstein erzielt an hirem spannende Buch “J’irai chercher Kafka”, iwwer dat onwarscheinlecht Abenteuer vum Kafka senge Manuskripter,.
