Sot Emol
Kimberly Darcy Mae: Vum Tatami op d'Bün
54 min
Jiddweree vun eis huet säi Liewenswee, mee et kënnt awer och emol vir, an da gëtt ëmsou méi interessant, datt op deem Wee op emol eng Kräizung kënnt, wou een dann e ganz anerer Wee aschléit, wéi dat am Fong eng Zäit ausgesinn huet. Esou och bei der Invitée déi Kéier, der Kimberly Darcy Mae. Et gi sécher méi Nolauschterer, déi d’Invitée als Kimberly Nelting kennen, besonnesch aus hirer Zäit als Sportlerin.
D’Kimberly war am Sport méi wéi gutt ënnerwee, si war Karateka, schwaarz Ceinture, 3. DAN, mat vill Erfolleg. Si war 2017 Junioren-Weltmeeschterin am Kumite an 2021 U21-Europameeschterin, fir nëmmen déi erauszegräifen. Mee du koum iergendwann déi genannte Kräizung um Kimberly Darcy Mae hirem Liewen. Si huet de Katami mat der Bün gewiesselt, an aktuell mécht si op der Universität der Künste zu Berlin eng Schauspillformatioun.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus