Gebuer gouf hien de 24. November 1889 zu Esch-Uelzecht als Guillaume Justine Adolph Kroll. No der Première am Athenäum studéiert hie fir Ingenieur an Däitschland. 1940 wandert de Guillaume Kroll an d‘USA aus, wou hie sechs Joer méi spéit deen no him genannte Kroll-Procédé entwéckelt. Dësen erméiglecht Titan an Zirkonium duerch Reduktioun op industrieller Basis ze produzéieren. A sengem Liewen huet hien iwwer 50 Patenter fir Metall-Legéierungen ugemellt. De Guillaum Kroll stierft den 30. Mäerz 1973 zu Bréissel am Alter vun 83 Joer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Guillaume Kroll
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.