Die musikalische Hintertreppe
Glyndebourne Opera Festival
8 min
De Glyndebourne Opera Festival gëtt et all Joer am Summer gefeiert, a ronn 100.000 Operefans sinn dobäi. Organiséiert gëtt de Festival um Site vum englesche Countryside-Haus am Sussex mam Numm Glyndebourne. 1934 gouf e gegrënnt, an dat éischter aus Zoufall. Ee Manager an ee weltberüümten Dirigent aus Däitschland waren deemools op der Flucht virun den Nazien an hu sech fir dëse Festival “fonnt”. De Joachim Fontaine verréit méi iwwer d’Geschicht vun deem Festival, dee Virbild fir vill anerer op der ganzer Welt ass.
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine