Soundcheck
Georgia - Live at Cuidad del Rock, Madrid
Mat hirem schéi gemaachten, lëftege Song “Euphoric” war déi brittesch Sängerin Georgia Ufank des Joers opgefall. En Album mam selwechten Titel koum am August dëst Joer hannendrun. D’Georgia Barnes war mat hirer viregter Plack “Seeking Thrills” virun dräi Joer beim brittesche Mercury Prize nominéiert an hat deemno eng Partie Erwaardungen ze erfëllen. Eng oppe produzéiert, glënnereg Plack, déi hirem euphoreschen Titel gerecht gëtt. stellt “Euphoric” de Gros vun de Songs an deem Concert, dee mir Iech um Feierdag wëlle proposéieren.
Presentéiert vum
- Marc Clement