Soundcheck
Adrienne Lenker live zu New York, Anna B Savage am Roxy zu Prag
Eischter des Joer war d’Adrienne Lenker, daer hir Stëmm ville vun de Lidder vun hirer Band Big Thief bekannt ass, mat Lidder aus hirem leschte Soloalbum, “Bright Future” ënnerwee. Éischte Rendez-Vous war eng intim Debut-Opféierung an de beléiften Electric Lady Studios. Hir markant Live-Performance gouf vum Frënd a Museker Nick Hakim duerch een 9-Lidder-laang Set begleet. Mat dobäi sinn déi rezent Singelen 'Free Treasure', 'Sadness As A Gift' a 'Ruined', wéi och Highlights vu fréiere Soloplacken an och eng Big Thief-Nummer, déi aus hirer Fieder kënnt. D’Opnam gouf eis vun der European Broadcasting Union zur Verfügung gestallt.
Det selwecht gëllt fir des 5 Sings vun der Anna B Savage, déi Deel vun engem Live-Optrëtt am Roxy Club zu Prag Juni d’lescht Joer sinn. Hir Lidder sinn staark, Skelett Biller vu Stëmmung a Reflexioun, mat enger Palette vun haaptsächlech Stëmm a Gittar. Hir onvergiesslech Ballet-aarteg Inflexiounen an der Stëmm huet de Rolling Stone “onvergiesslech” genannt.
Den Erfolleg vun hirem éischten Extended Player 2015 huet si un der Musekskarriär zweiwele gedoen, a bis virun 3 Joer war et roueg ëm d’Musekerin vu London, där hir fréi Opnamen d’Attentioun vum Father John Misty an der Jenny Hval op sech gezunn hunn. E bësse méi eppes Spezielles, déi nächst 20 Minutten.
Presentéiert vum
- Marc Clement