Die musikalische Hintertreppe
Dem Beethoven seng 9. Sinfonie
8 min
Eng Hymne fir d’Mënschheet, fir d’Mënschlechkeet, dat ass déi néngt Sinfonie vum Beethoven fir vill Leit bis haut. Verschiddener zweifelen awer un der moralescher Botschaft vun dëser Musek. Dem Schiller säin “Ode an die Freude” wier ze vill fir aner Kontexter benotzt ginn, ënnert anerem vun Diktatoren. Fir déi Leit ass dem Beethoven seng Sinfonie éischter e Verrot un der Fräiheet an der Bridderlechkeet.
De Joachim Fontaine erzielt d’Geschicht vun “der Néngter” – déi Sinfonie, déi op den Dag genee virun 200 Joer, de 7. Mee 1824, am Theater am Kärtner-Tor zu Wien uropgefouert gouf.
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine