Sot Emol
Ben Claus: De Panzpiano an d'Kap
55 min
Et héiert een den Ausdrock wuel net méi all ze dacks, mee et kennen der e sécher nach vill, och wann e manner present ass, wéi dat emol war. Fréier war et praktesch normal, wann op engem Bal Danzmusek gespillt gouf. Musek eben, wourop gedanzt gouf, Musek awer och, op déi iergendwann am Owend de ganze Sall mat gesongen huet. An och nach hautdesdaags, wann anzwousch e Lëtzebuerger Owend ass, an al Lëtzebuerger Lidder gesonge ginn, da mierkt een, datt nach vill Leit se kennen. Wann Dir mol op esou engem Lëtzebuerger Owend waart, dann ass et ganz gutt méiglech, datt Dir dem Jean Claude Majerus sengem Invité begéint sidd.
Hien ass dacks mol op méi groussen, mol méi klengen Eventer mat sengem Panzpiano ënnerwee a spillt a séngt d’Hitparad vun de Lëtzebuerger Lidder erop an erof: et ass de Mann mam Akkordeon an der Kap.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus