Sot Emol Fräiheet an der Molerei

Den Eric Mangen ass e Kënschtler, dee prinzipiell an onkonventionell op grousse Formater schafft, vill am ëffentleche Raum, een Artist deen aus Fassadë Konschtwierker mécht.

Natasha Ehrmann / tt

Eric Mangen

Seng faarweg Wierker sinn Enn der 90er op ëffentleche Plazen opgetaucht. De Lëtzebuerger, gebuer 1983, ass en Autodidakt, e Fan vum learning by doing. Den akademeschen Deel vun der Schoul huet hien ni wierklech inspiréiert - an dach war et um Wee aus der Schoul, wou hie fir d'éischte Kéier a Kontakt mat Streetart koum.

Hien huet e Kënschtler um Chantier vun der Schoul gesinn, deen amgaange war op eng Mauer ze molen. Fir den Eric Mangen war dat eng "Erleuchtung":

"Ech wëll dat do maachen, ech wousst nach net wéi ech dat géing maachen, mee ech well dat do maachen. Dat ass déi éischte Kéier wou ech dat ganz kloer konnt soen. Vun do un ass et nëmme just virugaangen. Do ass eng nei Dier opgaangen, eng nei Welt."

"Et geet ëm de ganze Schaafensprozess"

2008 zitt et den Eric Mangen dann op Barcelona, an d'It-Stad vum Graffiti, fir sech vun anere Stroossekënschtler inspiréieren ze loossen.

Den Eric Mangen produzéiert all Joers eng nei Ausstellung, an evoluéiert um Niveau vun der Technik esou wuel wéi um Niveau vun der Reflexioun. Seng Wierker gi reegelméisseg a Konschtgalerien ausgestallt:

"Ech produzéiere mega vill, well ech dat a mer hunn. Produzéieren ass e negatiivt Wuert, wëll et ass kee Produkt. Dat wat ech molen, dat Bild wat duerno eraus kënnt ass e Produkt. Mee et geet net - wéi d'Leit oft mengen - ëm dat Bild. Et geet ëm dee ganze Schaafensprozess."

Ob mat Spraydousen, Feierläscher, Pinselen, dem Eric Mangen seng Konscht geet vun Abstraktem bis hin zur Figuratioun, iwwer Superpositioun vu Materialien. All seng Biller sinn eng Expressioun vu senger perséinlecher Evolutioun.

An der Mediathéik:

Sot emol / / Natasha Ehrmann
Lauschteren

Méi zum Thema

Serge Basso de March
SOT EMOL

De Covid hat de Serge Basso de March zolidd erwëscht. En hat dem Doud wuel net an d'Aen gekuckt, mee en huet en awer um Horizont gesinn, seet de fréieren Direkter vun der Kulturfabrik zu Esch.

Jo Nousse
Land a Leit

Bei eise franséischen Nopere sinn déi regional Sprooche laang ënnerdréckt ginn. Et stoung ënner Strof seng Mammesproochen ze schwätzen. Och dem Jo Nousse ass et net anescht ergaangen.

Frank Feitler
Sot emol

Zu Bäerdref opgewuess, zu Esch seng Jugend verbruecht: de Frank Feitler, bekannt fir seng Aarbecht op an nieft der Bün, fillt sech als eng Mëschung tëscht Bauer an Aarbechter, mat deene positive wéi mat deenen negative Säiten.

Sabrina Collé
Sot e mol

Vun de Lëpsen ofliesen ass fir Leit, déi net gutt oder näischt héieren, an der Pandemie ewech gefall. D'Kommunikatioun mat héiergeschiedegte Mënsche war extrem schwiereg bis onméiglech, seet d'Sabrina Collé.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen