Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Parkplazen an der Stad

Fräie Mikro

Parkplazen an der Stad

Parkplazen an der Stad bleiwen e grousst Sträittheema. Obwuel et eigentlech kee richtege Parkplazproblem an der Haaptstad gëtt, dorunner gemooss, datt d’Parkhaiser a -plazen net voll ausgelaascht sinn. Obwuel mam Tram alles gutt accessibel ass, bleift bei ville Autofuerer de Frust. Gewunnechten ze änneren ass genee esou néideg, wéi schwéier, mengt d’Direktesch vun der Sécurité Routière, d'Isabelle Medinger, an hirem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

D'Isabelle Medinger ass Direktesch vun der Sécurité routière. | © Chris Zeien play_arrow
D'Isabelle Medinger ass Direktesch vun der Sécurité routière. (Foto: Chris Zeien)

Fir vill Leit ass eng agreabel Stad nach ëmmer eng Stad mat ville Parkplazen a mat villen, ganz breede Parkplazen. Da bréichten déi iwwerdimensionéiert Gefierer, fir déi mir hei zu Lëtzebuerg schwäermen, net fir hire Lack ze fäerten. Well sou ee Fuerpark wéi mir en hei hunn, geet e wäit sichen. Ech mengen, deen Noosten ass an den Arabeschen Emirater.

Net ganz op der Linn mam Mobilitéitsplang

Esou ass et da scho bal een nationalen Event wann e Parkhaus ageweit gëtt. Wéinstens ass de Rousegäertchen ënnerierdesch an hëlt der Mobilité douce keng Plaz ewech. Awer nëmmen op den éischte Bléck, well e jo rëm Individualverkéier promouvéiert. En ass also net ganz op der Linn mam Prinzip vun den Opfangparkingen ausserhalb vun de Stied, déi den Individualverkéier fréi raushuelen, den ëffentlechen Transport fërderen, an d’Stadkären entlaaschten. Wat jo eigentlech och een Zil vum Mobilitéitsplang 2035 ass.

Trotzdeem gëtt et och gutt Nouvellen. Fir d’Cyclisten. Och si hunn e puer Meterkaree ergattert fir hire Vëlo kënnen ofzestellen: 32 Plazen. Et hunn natierlech misse Parkplaze geaffert ginn, guttmiddeg.

Size matters

De Gros vun de Stellplazen, déi verschwonne sinn, sinn nämlech eisem Faibel fir massiv Karosserië geaffert ginn. Well d’Plaze méi breet sinn, sinn et der 86 manner. E bësse Spaass muss sinn, an dat heescht och méi Confort. 

Net jiddereen huet d’Chance a sou engem Souterrain e klenge Gabarit nieft sech stoen ze hunn. Ech hat bal gesot een normale Gabarit, mee zu Lëtzebuerg ass XXL a 4x4 dat neit Normal.

Size matters! An zwar grad wat d’Sécherheet vum Usager ouni Karkass ugeet.

Kee Schutz fir Foussgänger

Euro Ncap (European new car assessment programm) heescht dee Programm, wou e Konsortium vu Fuerschungsinstituter, Versécherungsverbänn oder nach Verkéiersministèren d’Sécherheet vu Gefierer test, déi nei op de Maart kommen. Heibäi ziele Krittäre vun der Sécherheet fir d’Passagéier, vun den Assistenzsystemer, an eréischt zënter 2023 - also réischt ganz spéit - och déi vun de schwaachen Usagere bei engem Opprall.

Nëmmen ee Gefier, wat och e gewësse Prozentsaz vu Schutz fir Foussgänger a Cycliste bitt, kann hei 5 Stäre kréien, wat den Héchstwäert ass.

Do kommen natierlech Gefierer, déi gutt fir eng Safari gëeegent sinn an och dacks déi meeschte Plaz am Rousegäertche brauche, ganz schlecht ewech wat de Foussgängerschutz ubelaangt.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

 

Lauschterenplay_arrow