Chamberwahlen 2018 Zwou Jugendparteie positionéiere sech

D'Presidentin vun der CSJ Elisabeth Margue erwaart sech, datt op d'mannst zéng CJS-Kandidaten op d'CSV-Kandidatelëschte fir d'Chamberwahle wäerte kommen. Si selwer ass op der provisorescher Lëscht fir den Zentrum. Bei der LSAP decidéieren d'Bezierkskomissiounen, wien op eng Kandidatelëscht kënnt, seet de JSL-President Jimmy Skenderovic. Hie weess nach net, ob hie mat an d'Wahle geholl gëtt.

Mick Entringer / cz

Elisabeth Margue & Jimmy Skenderovic
Elisabeth Margue (CSV) an Jimmy Skenderovic (JSL)

Den Jimmy Skenderovic begréisst, datt déi Jonk bei der CSV sech mobiliséieren, fir méi an der Partei representéiert ze sinn.

"Ech fannen et gutt, datt sech déi jonk Chrëschte revoltéiert hunn", seet de President vun der JSL. D'CSV hätt nach ëmmer déi selwecht Kandidaten op hire Lëschte wéi 2013.

D'Elisabeth Margue gesäit dat anescht. Et wieren nach 15 Plazen op de Lëschte fräi. D'CSV hätt och kloer gefuerdert, datt méi Jonker op de Lëschte solle stoen. Et wier wichteg, datt eng Partei och Leit géif opstellen, déi scho Mandater hätten. Esou kéint een nei Iddien erakréien an d'Bild vun der Partei no bausse veränneren.

Demande oder Offer stäerken

Beim Thema Logement ginn d'Meenungen tëscht der JSL a CSJ auserneen. D'CSJ wëllt, datt eng Milliard Euro an den ëffentleche Wunnengsbau investéiert gëtt.

"Eng Milliard op eng Legislaturperiod, dat heescht, et sinn 200 Millioune pro Joer. Dat ass net esou extrem vill par Rapport zum Problem, dee mir hunn", mengt de Jimmy Skenderovic.

Et misst een och d'Offer stäerken an iwwert eng Präisbegrenzung nodenken, seet de Jimmy Skenderovic. "Mir sinn am Retard. Do gi mir op de Wee, fir d'Präisser um Wunnengsmaart ze begrenzen. Mat engem Plafong, iwwert deen een net ka goen."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Lies-Hansen
Fonds du Logement

De Marc Lies (CSV) kritiséiert e Réckgang vu der Produktivitéit vum Fonds du Logement. Et misst een elo no vir kucken, seet de Minister Marc Hansen (DP). D'Restrukturatioun beim Fong wier schwiereg.

scuto.JPG
mobilité douce

2015 gouf hei am Land en ambitiéist Gesetz fir d'Promotioun vun der doucer Mobilitéit ugeholl. Mä an der Praxis sinn déi politesch Responsabel an der Logik vum Vëlo als Fräizäitbeschäftegung bliwwen.

Table-Ronde: Logement a Mobilitéit
Gemengewahlen

Méi bezuelbare Wunnraum an nei Mobilitéitskonzepter sinn néideg: An där Analys si sech d'Gemengepolitiker eens. Bei de Léisungsvirschléi ginn et awer Differenzen tëscht de Parteien.

Claude Clemes
Gemengewahlen 2017

Déi chrëschtlech-sozial Gemengeréit fuerdere Quote fir de soziale Wunnengsbau an de Gemengen. De CSG-President Claude Clemes hält "massiv" ëffentlech Ënnerstëtzung am Logement fir néideg.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen