arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Zwou Frae schwätzen net iwwert Männer"

Fräie Mikro

|
reading time

3 min

"Zwou Frae schwätzen net iwwert Männer"

Ufank Mäerz ass d'Zäit vu de grousse Präisser fir de Film an och den Internationalen Fraendag den 8. Mäerz. An Zäiten vu "me too" sinn déi zwee net méi vun enaner ze trennen. D'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun huet sech en Test ugekuckt, deen d'weiblech Präsenz an de Filmer ënnert d'Lupp hëlt.

reading time

3 min

An dëser Woch vun Oscaren, Lëtzebuerger Filmfestival an dem Internationale Fraendag gëtt et ee Sujet, deen - ausser MeToo - Film a Fraerechter verbënnt. 1985 huet d'Alice Bechdel an engem Comic zwou Fraefigure gezeechent, déi sech doriwwer ënnerhalen, wéi si déi Filmer auswielen, déi si an de Kino kucke ginn. Dat si Filmer, an deenen éischtens wéinstens zwou Frae virkommen, déi zweetens richteg matenee schwätzen iwwer drëttens eppes aneschtes wéi iwwert e Mann. Dës kuerz Comic-Szen huet dem Bechdel-Test säin Numm ginn, deen haut op vill audiovisuell Medien ugewannt gëtt.

Wat ass de Bechdel Test?

D'Alice Bechdel seet, den Ustouss fir dësen Test hätt si bei der grousser englescher Schrëftstellerin Virginia Woolf kritt. An hirem Essay aus dem Joer 1929 "A room of one's own" schreift si, dass bis am 19. Joerhonnert d'weiblech Figuren an der Literatur ni als eegestänneg Perséinlechkeeten duergestallt gi wieren, sondern ëmmer nëmmen am Bezuch zu hirem Papp, hirem Mann oder hire Kanner. Si stoungen also ni fir sech selwer.

Fir datt e Film de Bechdel-Test packt, muss en dräi Kritären entspriechen:

Et musse wéinstens zwou Fraerollen dra virkommen, déi en eegestännegen Numm hunn. Net wéi zum Beispill am Dolan sengem villgelueften Dunkirk just Nurse oder Stewardess.
Déi zwou weiblech Figure mussen direkt matenee schwätzen, an zwar
iwwert iergend en anere Sujet wéi iwwer Männer.

Haut gi net nëmme Filmer dem Bechdel-Test ënnerzunn, awer och Videospiller, Facebook-Echangen oder Comics. Vun 2014 un huet den europäesch Filmfong Eurimages de Bechdel-Test a säi Kandidatursdossier fir finanziell Ënnerstëtzung opgeholl. Spezialiséiert Büroen hu bewisen, datt Filmer, déi de Bechdel-Test packen, duebel sou vill aspillen, wéi déi déi duerchfalen. Ausserdeem si si an der Hierstellung méi bëlleg, well d'Schauspillerinnen manner verdéngen wéi hir männlech Kollegen. Wann dat keen Argument ass.

Fraen ënnerrepresentéiert

An dach: D'Geena Davis, déi wonnerbar Schauspillerin, déi mam Susan Sarandon an "Thelma and Louise" gespillt huet, huet e Fuerschungsinstitut gegrënnt, déi sech mat Genderfroen an de Medie beschäftegt. Dëst Institut weist, an de Joren 2010 bis 2013 nëmmen 32 % vun de weibleche Rollen iwwerhaapt en eegestännegen Numm - an net nëmmen eng Beruffs- oder Verwandschaftsbezeechnung - haten. Vun 120 Filmer, déi an där Zäit uechtert d'Welt gedréit goufen, goufen der nëmme 7 % vu Fraen inzenéiert. Och ginn et kaum Dréibicher, déi vu Frae geschriwwe ginn.

Awer et ginn och vill Argumenter géint dësen - sinn mer ons eens - zimlech simpelen Test. Wann zwou weiblech Figuren sech iwwert den Albert Einstein ënnerhalen, fält de Film duerch, wann se iwwer Parfum oder Kleeder schwätzen, net. Ausserdeem soen Test-Critèren net dat geréngst iwwert d'artistesch Qualitéit vun engem Film aus, deen duerchaus - och wann een zwou Heldinnen huet, déi iwwer Quantephysik schwätzen - sexistesch ka sinn. E Film, deen de Bechdel-Test packt, ass doduerch net automatesch e feministesche Film, wäit dovun.

Aner Tester

De Merite vun dësem Test ass et awer, op Mëssstänn a Mëssverhältnisser opmierksam ze maachen, déi duerch Zuelen einfach ze beleeë sinn. Ëmmerhin huet säit 1929 iwwert d'Halschecht vun deene Filmer, déi den Oscar fir de "Best Picture" kruten, den Test net gepackt. An der Tëschenzäit gëtt et och d'Deggans' Regel, déi verlaangt, dass an all Film wéinstens zwou Haaptfigure vun enger anerer Rass matspillen oder de Morales-Test, dee Filmer duerchfale léisst, an deene Latinos stereotyp duergestallt ginn, an deem si zum Besipill primitiivt Spuenesch schwätzen oder bei all Geleeënheet Salsa danzen.

Wéi schued, dass et keng Tester ginn géint Gewalt an de Gebrauch vu Waffen an de Filmer.