Däitschland Zweeten Triell fir d'Bundestagswalen

Haut den Owend treffen d'Kandidate vun der Unioun, SPD an de Gréngen am zweete Kanzlertriell openeen. Besonnesch den Armin Laschet vun der CDU muss den Owend punkten, wann hien d'Kanzleramt nach wëllt am Bléck halen, mengt de Max Tholl.

Max Tholl (Berlin) / cbi

Den  Oliver Köhr (ARD) an d'Maybrit Illner (ZDF) moderéieren den zweeten Triell.
Den Oliver Köhr (ARD) an d'Maybrit Illner (ZDF) moderéieren den zweeten Triell. Foto: picture alliance/dpa | Wolfgang Kumm

Lauschteren


A genee zwou Wochen ass d'Bundestagswal an haut kommen déi dräi Spëtzekandidaten Olaf Scholz, Armin Laschet an Annalena Baerbock fir den zweete Fernsehtriell zesummen. Den CSU-Chef Markus Söder hat virum Weekend scho kloergestallt: et ass déi lescht Chance, den Trend nach ëmzedréinen.

Well dësen ass de Moment net favorabel fir d'Uniounsparteien an hire Kandidat. Dem Insa-Sonntagstrend no kann d'SPD hire Virsprong ausbauen a läit elo mat 26 Prozent virun der Unioun mat 20 an de Grénge mat 15 Prozent. Bei der Kanzlerfro huet den Olaf Scholz souguer 17 Punkten Avance op d'Annalena Baerbock a ganzer 18 op den Armin Laschet.

Den Armin Laschet geet an d'Offensiv

No méintelaangen interne Streidereie gouf den Armin Laschet gëschter nach um CSU-Parteidag als staarke Kandidat gefeiert - e bëssen inzenéiert Harmonie fir nees Schwong an de Walkampf ze bréngen.

An och dem Laschet säin Toun vis-à-vis vum Olaf Scholz verschäerft sech. Bei allen Entscheedungen an der Nokrichszäit stoungen d'Sozialdemokraten op der falscher Säit, sot hie gëschter a senger Ried. D'SPD schéisst zeréck an nennt dem Laschet seng Aussoe "geschichtsvergessen" a "würdelos".

Den Olaf Scholz ënner Drock

Trotzdeem dierft et haut keen entspaanten Owend fir den Olaf Scholz ginn, well hien an d'Ermëttlunge géint eng Spezialunitéit vum däitschen Zoll verwéckelt ass, déi Informatiounen zu Geldwäscherei net weidergeleet soll hunn.

Als Finanzminister dréit hien hei Verantwortung. Leschten Donneschdeg gouf dofir och säi Ministère vun der Police duerchsicht. Et bitt sech also vill Ugrëffsfläch, déi den Owend sécherlech op alle Säite wäert genotzt ginn.

Méi zum Thema

Triell
TV-Triell tescht Laschet, Scholz, Baerbock

Fir d'éischte Kéier hunn op der däitscher Televisioun dräi Kanzlerkandidatinnen a -Kandidaten debattéiert. Den "Triell" tescht Armin Laschet, Annalena Baerbock an Olaf Scholz ass awer ouni grouss Iwwerraschung bliwwen.

Net verpassen

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen