Luxleaks Zweeten Appellsprozess Antoine Deltour

D'Cassatiounsgeriicht hat dem Antoine Deltour am Januar de Statut vum Whistleblower unerkannt. Dofir, datt hie Steierrulinge bei der Auditgesellschaft kopéiert a se engem Journalist weiderginn hat, kann den Antoine Deltour net bestrooft ginn.

Michel Delage / cbi

LuxLeaks-7.JPG
Foto: Archiv.

De Klau vun de Formatiounsdokumenter vu PwC wier manner schlëmm wéi de Klau vun de Steierrulingen, sot de Procureur géneral adjoint John Petry. Des Weidere wier et weder bei der Plainte vu PwC, nach bei de Poursuitë vun der Justiz ëm d'Formatiounsdokumenter gaangen.

De Parquet huet dofir eng einfach Geldstrof vu manner wéi 1.500 Euro gefuerdert. Am Uerteel vum éischten Appellsprozess waren et nach eng Prisongsstrof vu sechs Méint mat Sursis an eng Geldstrof vu 1.500 Euro.

De symboleschen Euro

Den Affekot vu PwC, Me Hervé Hansen huet sengersäits op eng Condamnatioun zum symboleschen Euro um ziville Plang bestanen, an zwar wéinst dem moraleschen a materielle Schued, deen d'Auditgesellschaft erlidden hätt. Vu Formatiounsdokumenter ze schwätze wier een Euphemismus: Et hätt sech heibäi ëm de Knowhow vun der Firma gehandelt.

Datt PwC de symboleschen Euro fuerdert wier skandaléis, sot de Me William Bourdon, ee vun den Affekote vum Antoine Deltour. De Schued, deen d'Auditgesellschaft wëllt erlidden hunn, wier imaginär.

Statut Whistleblower

Dem Deltour seng Verteideger hunn eng "Suspension du prononcé de la condamnation" gefuerdert: an deem Fall géif d'Geriicht vun enger Strof ofgesinn, den Antoine Deltour dierft sech awer während engem gewëssenen Delai keng méi erlaben.

D'Kassatiounsgeriicht hat den 11. Januar d'Uerteel géint den zweete fréiere PwC-Mataarbechter Raphael Halet confirméiert. Him war de Statut vum Whistleblower net unerkannt ginn. Fir den Halet ass déi nächst Etapp d'Stroossbuerger Mënscherechtsgeriicht. D'Uerteel am zweeten Appellsprozess géint den Antoine Deltour gëtt de 15. Mee gesprach.

Méi zum Thema

9861A4EF-3432-40F7-B677-F4C0F1F4C1F7.jpg
Luxleaks Appellprozess

An zweeter Instanz bleift et bei der Condamnatioun vun deenen zwee fréiere PWC-Mataarbechter Deltour an Halet. Dem Journalist Edouard Perrin säi Fräisproch ass haut vum Geriicht confirméiert ginn.

luxleaks
Affär Luxleaks

Nom Uerteel am Luxleaks-Prozess ass de Parquet an Appell général gaangen. Dat huet de Journalist Edouard Perrin, dee fräigesprach ginn ass, dëse Méindeg via Twitter annoncéiert.

LuxLeaks-3.JPG
LuxLeaks

Déi zwee fréier PWC-Mataarbechter Antoine Deltour a Raphaël Halet sinn zu 12, respektiv 9 Méint Prisong mat Surcis veruerteelt ginn. D'Verdeedegung reagéiert mat Onverständnis a geet an Appel.

ICIJ LuxLeaks Dossier
Steiervirdeeler fir Betriber

En Dossier zur Berichterstattung vum radio 100,7 iwwer d'LuxLeaks-Revelatiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen