Coronavirus Zweet Well huet ugefaang, soen d'Fuerscher

Der Fuerschungs-Task Force no gëtt et zu Lëtzebuerg eng zweet Well vu Coronainfektioune mat engem exponentielle Wuesstem. D'Croissance wier méi lues wéi am Mäerz mee trotzdeem eng relativ kloer Indikatioun fir eng zweet Well, heescht et an enger neier Publikatioun.

Jean-Claude Franck / cz

Coronavirus
Foto: Bigstock - MrVettore

D'Neiinfektioune géife sech dem aktuelle Verlaf no bannent siwe bis aacht Deeg verduebelen. D'Infektioune wieren an der ganzer Populatioun ukomm a se géifen net just vun Infektiounsclustere gedriwwe ginn, schreiwe Fuerscher vun der Covid-Task Force.

Mëtt Mee bis Mëtt Juni wier et roueg gewiescht, esou de Constat. Den Ufank vun der zweeter Wëll situéiert d'Covid-Task Force op Mëtt Juni. Datt vu Mëtt Juni u méi positiv Tester gezielt goufen, hätt näischt mam Large-scale testing ze dinn. Deen hätt nämlech réischt richteg an den zwou éischte Juli-Woche gegraff well virdrun net vill Leit matgemaach hätten.

Exponentiell Croissance och ouni d'Testcampagne

D'Fuerscher hunn den Impakt vum Large-scale testing och erausgerechent: Ouni déi grouss Testcampagne géifen zwar manner positiv Fäll detektéiert ginn, mee den exponentielle Wuesstem wier änlech grouss. D'Neiinfektioune géife sech och ouni de Large-scale testing den Ament bannent 7 bis 8 Deeg verduebelen.

Aktuelle Simulatioune vun de Fuerscher no ginn et an eng bis zwou Wochen änlech vill Neiinfektioune wéi am Mäerz.

Reproduktiounstaux iwwer 1

Dem neiste Bilan no goufen um Dënschdeg 66 Neiinfektioune mam Coronavirus festgestallt, 10.101 Tester goufen duerchgefouert. Aktuell sinn 38 Persounen hospitaliséiert (-9), 4 dovun op der Intensivstatioun (+1). ​D'Zuel vun den Doudesaffer bleift weider bei 111. Den effektive Reproduktiounstaux läit nach ëmmer iwwer 1 (1,16). Zënter Mëtt Juni schonn. D'Covid-Task Force erënnert drun, datt d'Neiinfektioune klamme soulaang deen Taux iwwer 1 läit.

Méi zum Thema

Paulette Lenert, ministre de la Santé ; Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État
Corona-Pandemie

An der Woch vum 7.-12. Juli goufen et 402 Neiinfektiounen. Een Drëttel dovunner stamen aus de Large scale Tester, seet d'Paulette Lenert. D'Tester wiere kee Selbstzweck, mee fir d'Bevëlkerung ze schützen.

Coronavirus
Zuele klammen

Um Méindeg waren 100 vu 11.280 Tester positiv, dat entsprécht 1,14 Prozent vun den Tester déi gemaach gi sinn. 47 Persoune sinn zu Lëtzebuerg wéinst Covid-19 hospitaliséiert, 3 dovun op der Intensivstatioun.

Coronavirus Analys
Corona-Pandemie

Fir d'éischte Kéier zanter siwe Woche gouf nees e Stierffall gemellt wéinst Covid-19. Zanter Nationalfeierdag gëtt et eng zweet Well un Infektiounen. D'Zuele klammen awer net esou séier wéi am Mäerz.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen