Corona-Pandemie Zweet Well: Et solle méi Covid-Patienten doheem behandelt ginn

Fir d'Spideeler ze entlaaschte sollen an nächster Zäit méi Covid-Patienten doheem behandelt ginn. De Verband vun de Generaliste géif am Moment ee Konzept ausschaffe fir Covid-Patienten bei sech doheem oder am Altersheem ze versuergen, "esou laang dat méiglech ass", seet de Paul Junck.

Rick Merten (Interview) / Claude Biver (Web)

Paul Junck
De Paul Junck ass President vun der Spidolsfederatioun. Foto: Archiv

Dat Konzept wier geschwë fäerdeg, esou de Paul Junck: Och d'Dokteren aus de Spideeler kéinte mat agebonne ginn:

"D'Spidolsmedizinner kéinten de Generalisten hëllefen déi Hospitalisations à domicile beschtméiglech hinzekréien. Wann natierlech e Besoin ass fir e Patient op Basis vun enger medezinescher Indikatioun an d'Spidol ze huelen - da kënnt en och an d'Spidol. Mee e kënnt dann net esou séier an net automatesch direkt an d'Spidol. Dat géif also schonn hëllefe fir d'Akutspideeler e bëssen ze entlaaschten."

Verschidde Medezinner gi gebraucht

De President vun der Spidolsfederatioun seet, et wier "total onrealistesch" alleguer d'Covid-Patienten an engem Spidol ze behandelen. Fir Covid-19-Fäll ze traitéiere géifen nämlech Spëtzemedizinner aus ville verschiddene Beräicher gebraucht ginn, esou de Paul Junck de Moien hei op der Antenn:

"Do kënne mer net eng Schwarzwaldklinik dorëmmer opsetzen. Do gi ganz vill Capacitéite vun Doktere verlaangt. Net nëmmen Urgentisten, Anästhesisten, Reanimateuren, do ginn och Neurologe gebraucht, do gi Nephrologe gebraucht, do gi Kardiologe gebraucht. Fir déi all ze bëndelen, an elo matten an der zweeter Well, aus dem Näischt, eng zentraliséiert Covid-Struktur dohinner ze setzen. Dat ass fir eis total onrealistesch."

Personal kéint knapp ginn

Dës Kéier si genuch Masken a genuch Beootmungsmaschinnen do. An awer kéinten eis Klinicken an nächster Zäit un hir Limite stoussen: Et riskéiert nämlech enk mam Personal ze ginn.

Et wéilt een esou laang wéi méiglech Covid-Patiente wéi och normal Patiente behandelen, seet de Paul Junck. "Do wëlle mer net esou streng an net esou radikal deprogramméieren, wéi mer dat am Mäerz gemaach hunn."

D'AMMD hat proposéiert, datt administrativ Aufgaben an de Spideeler sollte reduzéiert ginn, datt Infirmieren an Doktere méi Zäit hu fir sech ëm d'Patienten ze këmmeren. De Paul Junck mengt, datt een net ze vill op eng eenzeg Solutioun sollt pochen.

"Mir hunn do tëschent de Spideeler eng Strategie entwéckelt, déi ech 'multifactoriel' nennen. Et ass e Package vum Mesuren, un deene mer konkret schaffen. Wou deelweis scho verschidde Saachen amgaang sinn ëmgesat ze ginn. Ech kann Iech déi vläicht eng Kéier opzielen: Éischtens emol déi Well briechen, dat ass dat Wichtegst. Zweetens, si mer ganz frou, datt d'Centre de Consultation fir Covid-Patienten opgaange sinn - dat entlaascht eis Urgencen an de Spideeler. Dann hu mer eng Strategie fir am Virfeld vun de Spideeler ze kucken d'Leit net esou séier an d'Spideeler eranzehuelen. Et sief den akute Gesondheetszoustand verlaangt dat."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Xavier Bettel a Riicht Eraus
Corona-Epidemie

Fir méi séier kënnen op d'Entwécklung vun der Corona-Epidemie ze reagéiere preparéiert d'Regierung iwwer de Weekend weider Gesetzesännerunge mat verschiddene Mesuren, esou de Premier Xavier Bettel am 100,7-Interview.

Schnelltest Covid-19
Gesondheetssecteur

Den Asaz vu Corona-Schnelltester hei am Land soll "ganz vill méi Flexibilitéit" an den nächste Wochen a Méint bréngen. D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert hat dat an der Chamberdebatt gëschter ugekënnegt.

Dr. Jean-Marc Cloos
Gesondheetssecteur un der Limitt

Den Direkter vun der Psychiatrie an den Hopitaux Robert Schuman warnt, déi psychiatresch Versuergung an eise Klinicken kéint geschwënn zesummebriechen. D'Psychiateren an de Klinicke missten am Moment extreem vill Iwwerstonne maachen.

spidol klinik infirmière
Gesondheetssecteur

70 zousätzlech Vollzäitplaze sinn néideg fir d'Aarbecht an de Spideeler elo mol oprecht ze erhalen. Dat seet d'Spidolsfederatioun, déi den Ament mam Gesondheetsministère an der CNS doriwwer verhandelt.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen