Corona-Pandemie Zweet Well: Erklärungsversich zu Bréissel

De Premier Xavier Bettel wëllt um EU-Sommet d'Geleeënheet notzen, fir den EU-Leaderen déi méi héich Infektiounszuelen zu Lëtzebuerg ze erklären. Säin Haaptargument: Lëtzebuerg test méi ewéi anerer.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

De Lëtzebuerger Staatsminister Xavier Bettel an déi belsch Premierministerin Sophie Wilmes.
De Lëtzebuerger Staatsminister Xavier Bettel an déi belsch Premierministerin Sophie Wilmes. Foto: EU / Mario Salerno

De Bäitrag vum Danièle Weber lauschteren


Zu Bréissel gesi sech haut a muer d'EU-Staats- a Regierungscheffe fir d'éischte Kéier physesch op engem EU-Sommet, fir iwwer ee Finanzpak vun am ganzen 1,8 Billiounen Euro ze diskutéieren.

De Xavier Bettel ass dës Kéier och mat engem Opklärungs-Message an eegener Saach op Bréissel komm.

"Mäi Message ass ganz einfach deen datt, d'WHO an D'EU-Agence ECDC eis soen: Test, Test, Test! Mir maachen dat, a wann ee méi test ass et och logesch, datt ee méi positiv Fäll fënnt."

Een Drëttel vu positive Fäll op Large scale testing zeréckzeféieren

Dat Argument ënnermauert de Premier doduerch, datt hien déi neisten Zuelen auseneen hëlt. Bannen enger Woch wieren 23 Prozent vun de positiv Getesten duerch de Large scale testing detektéiert ginn, eng weider zéng Prozent duerch den Tracage vun deene Persounen. Domat wieren also an där Period een Drëttel vun de positive Fäll op dee Large scale testing zeréckzeféieren.

De Xavier Bettel verbënnt säi Message dann och mat engem gudde Rot un d'Kolleege Staats- a Regierungscheffe.

"Dat si Leit, déi soss de Virus weider verbreet hätten an elo duerch d'Tester a Quarantän konnte gesat ginn. Et ass also eng Strategie, déi jiddweree misst uwennen."

Zuelen auseneen huelen hin an hier: si géife klammen, an et kéint ee se och net schéi rieden, gëtt de Premier zou.

Zweet Well bis elo anescht wéi déi éischt

"Mir sinn um Ufank vun enger zweeter Well", sou de Xavier Better. Déi zweet Well misst een elo direkt briechen, dofir wier et wichteg, weider vill ze testen. D'Hausse wier net exponentiell, et misst een d'Entwécklung vun de nächsten Deeg ofwaarden.

"Déi zweet Well ass net d'selwecht wéi déi éischt", sou och de Premier. Et wier däitlech ze gesinn, datt den Alter vun de Leit, déi sech mam Virus infizéiert hunn, vill méi niddreg ass, an och datt manner Leit an d'Spideeler ageliwwert hu misse ginn. E Sonndeg den Owend um fënnef Auer géif hien de Point an engem Regierungsrot maachen.

No Gespréicher mat der belscher Premierministerin hätt d'Sophie Wilmes him gesot, si géif insistéieren, datt déi belsch Autoritéiten, bei hiren Evaluatiounen iwwer déi positiv Fäll, d'Gesamtzuel vun den Tester mat arechnen. Dat wier een éischte Schratt an déi richteg Direktioun, sou de Xavier Bettel. Elo misst hien nach 25 aner Staats- a Regierungscheffen dovun iwwerzeegen.

Den EU-Sommet verleeft des Kéier, Corona oblige, anescht wéi soss. D'Leadere sinn an engem méi grousse Sall, hir Beroder dierfen net wéi gewinnt virun der Dier waarden, mee si mussen d'Lag vu méi wäit ewech an de Büroen, déi d'Delegatiounen zougewise kruten, observéieren. Journaliste sinn am Conseilsgebai net zougelooss, et sinn um Schluss online-Pressekonferenze geplangt.

Méi zum Thema

De Rot vun der Europäescher Unioun
EU-Sommet

Beim éischte perséinlechen Treffe vun den EU-Staats- a Regierungscheffen zanter dem Ufank vun der Pandemie geet et ëm 1,8 Billiounen Euro. Et bleiwe vill Sträitpunkten beim EU-Budget a Fonds de Relance.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen