Radioen

On air

Moiesstudio  |  Maehila - Sérénité

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Méint no den Iwwerschwemmungen

Hotelieren

Zwee Méint no den Iwwerschwemmungen

D'Demarchë fir d'Hëllefen no den Iwwerschwemmunge wiere méi einfach gewiescht wéi fir d'Pandemie, esou den Hotelier Nicolas Gruber. Méi schwéier wier awer d'Zesummenaarbecht mat den Assurancen.

auto_stories

2 min

No den uergen Iwwerschwemmungen am Juli huet de Staat - iwwer d'Reegel vun der Calamitéit - bis ewell Avancen op Hëllefen an Héicht vu 600.000 Euro u Betriber ausbezuelt, esou de Mëttelstandsminister Lex Delles.

Solidaritéit no den Iwwerschwemmungen

Déi Zomm dierft an d'Luucht goen, well een nach op d'Resultater vun den Expertise waarden.

De Minister Lex Delles.

Zwee Méint nom Héichwaasser empfänkt den Hotel zu Steenem dann och nees Clienten. D'Solidaritéit no den Iwwerschwemmunge wier grouss gewiescht, 20 Persounen hu wärend zwou Woche spontan gehollef den Hotel-Restaurant zu Steenem ze botzen. Dat hätt d'Famill vill motivéiert fir weiderzemaachen.

Am Verglach mat den Hëllefe wärend der Pandemie wieren déi administrativ Demarchë méi einfach gewiescht, esou den Nicolas Gruber, dee mat sengen Elteren den Hotel féiert.

Den Nicolas Gruber

Fir de Moment géif et awer nach weider Problemer mat den Assurancë ginn. Engersäits géifen d'Experte laang brauchen, anerersäits wier een och net genuch opgekläert ginn iwwer déi rezent Méiglechkeet, eng Assurance wéinst Iwwerschwemmungen ofzeschléissen.

Héichwaasserversécherunge fir Betriber ee Problem

Doriwwer eraus hätten se keng kloer Linn fir d'Indemnitéiten, kritiséiert de Jean-Jacques Gruber:

"Do bezilt een dann esouvill un Assurancen d'Joer, mee et kritt een ee Maximum vun 20.000 Euro ausbezuelt, Mee wann een iwwer der Strooss läit, also 50 Meter méi erop, do huet ee Recht op 250.000 Euro, obwuel een dat selwecht abezuelt huet."

Och d'Horesca fuerdert, datt mat de Versécherungen iwwer d'Héichwaasserassurancë fir Betriber diskutéiert gëtt. Déi grouss Ënnerscheeder wat d'Indemnitéite betrëfft wieren ee Fall vun der Diskriminatioun, esou de François Koepp.

De François Koepp vun der Horesca.

Fir Privatstéit gëtt et zanter 2017 d'Méiglechkeet eng Héichwaasser Versécherung ofzeschléissen. Deemools haten d'Membere vun der ACA, der Associatioun vun den Assurancëgesellschaften esou een Accord fonnt.

Fir Betriber gëtt et deen Accord tëscht Versécherunge net. An den Ae vun der ACA wieren esou Ofsécherunge fir Betriber praktesch net ëmzesetzen, well et ëm ganz aner Zomme géif goen - vill méi bräichten d'Assurancen do ganz aner Instrumenter.