arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee Lëtzebuerger an Afghanistan

Kriseregioun

|
reading time

3 min

Zwee Lëtzebuerger an Afghanistan

Lëtzebuerg schéckt nach bis op d'mannst de Juli 2020 Zaldoten an Afghanistan. De Moment sinn een Ënneroffizéier an een Zaldot zu Masar-e Scharif am Norde vun Afghanistan stationéiert, 5.000 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech. De Gilles an de Rafael - hir Nonimm sollen aus Sécherheetsgrënn net genannt ginn - si fir gutt véier Méint am Camp Marmal. Si sinn Deel vun der NATO-Missioun fir d'Formatioun an d'Ënnerstëtzung vun den afghanesche Sécherheetsforcen.

reading time

3 min

45.000 afghanesch Zaldoten a Poliziste goufen zanter Enn 2014 ëmbruecht, zanter den Aschraf Ghani afghanesche President ass: dës Zuel huet de Staatschef selwer viru Kuerzem genannt.

Am Summer soll an Afghanistan een neie President gewielt ginn, d'USA schwätze viru mat den Taliban, fir eng politesch Léisung fir de Konflikt vun iwwer 17 Joer ze fannen a Washington wëllt seng Truppen zeréckzéien.

Dat ass de Kontext, an deem déi béid Membere vun der Lëtzebuerger Arméi viru gutt engem Mount, de 7. Februar an Afghanistan geflu sinn. Si sinn nach bis Mëtt Juni zu Masar-e Scharif am Norde vum Land stationéiert, am gréissten däitsche Feldlager baussent Däitschland. Do sinn de Moment am Ganzen eng 2.000 Zaldoten aus iwwer 20 Länner.

E Krisen- a Krichsgebitt

Den Ënneroffizéier Gilles huet 52 Joer: hie war schonn op Auslandsasätz a Kosovo. An Afghanistan ass hien déi éischte Kéier. Afghanistan wier e Krisen- a Krichsgebitt, erzielt hien. All Dag géife Leit stierwen. Am Camp hätt een eng gewësse Sécherheet, mee et wier ee sech der Gefor awer bewosst.

Der afghanescher Arméi no, stierwe pro Dag eng 35 Membere vun den afghanesche Sécherheetsforcen duerch Attentater oder Kämpf. D'Taliban sollen iwwer d'Hallschent vum Territoire vun Afghanistan kontrolléieren.

De Soldat-Chef Rafael, 23 Joer, huet sech fräiwëlleg gemellt, fir den Asaz an Afghanistan. Hie gesäit dës Missioun als eng Chance fir Erfahrungen ze sammelen. Seng Famill war manner begeeschtert, Afghanistan wier ëmmerhin e Krichsgebitt, mee: "Et war mäi Choix an deen ännert och keen, ob do meng Mamm, mäi Papp géife soen, nee du gees net. Et ass mäi Choix, mäin Dram, an deen ass elo an Erfëllung gaangen."

Et wier schonn e méi gemëscht Gefill gewiescht, fir fir gutt véier Méint an Afghanistan ze goen, seet den Ënneroffizéier Gilles, mee dat géif awer zum Job vum Militär dozou gehéieren. De Gilles huet an Afghanistan eng administrativ Funktioun um Etat Major vum Lager.

Eng gutt Virbereedung

Virun hirem Depart am Februar op Masar-e Scharif haten déi zwee Lëtzebuerger eng speziell Formatioun um Härebierg kritt, ënner anerem éischt Hëllef, mee och wéi ee sech wiere kéint. "Mir sinn am Fong top virbereet, wat ech och gutt fannen", seet de Rafael.

Den 23 Joer ale Rafael schafft am Lager am Norde vun Afghanistan als Chauffeur an als Betreier fir Visiteuren: "Mir haten elo nach virun e puer Deeg e Generol, dat ka vun allem sinn, vun Ambassadeur bis Generol, dann erëm e Minister: vun allem hu mir hei, mee dann awer VIPen. Mir si responsabel fir alles wat VIPe sinn."

Déi mannste Leit kënnen d'Lager verloossen

Weder am Kader vun hirer Aarbecht, nach an hirer Fräizäit kënnen déi zwee Lëtzebuerger d'Militärlager verloossen. Si kënne sech also zum Beispill net déi blo Moschee zu Masar-e Scharif ukucken, nëmmen e puer Kilometer vum Lager ewech. De Militärcamp huet zwee an een hallwen op annerhallwe Kilometer. Datt een net eraus kann, dat wier sécherheetsbedéngt. De Raphaël bedauert dat, kann dat awer verstoen. "Einfach well déi mannste Leit, déi hei stationéiert sinn, kënnen erausgoen."

D'Visite vum Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn d'lescht Woch zu Masar-e Schariff gesinn déi béid Arméi-Memberen als een "Highlight". De Rafael war frou, "mol eng Kéier erëm Lëtzebuerger ze gesinn, Lëtzebuergesch ze schwätzen." Ausser mat sengem Chef kéint hie mat kengem Lëtzebuergesch schwätzen, bedauert hien.