Geheimdéngscht "Zwee Joer ginn net duer fir SREL-Archiven opzeschaffen"

Zwee Historiker kréie vum Staatsministère zwee Joer Zäit fir d'Geheimdéngscht-Archiven aus de Joren 1960 bis 2001 opzeschaffen. Den Historiker Benoît Majerus, deen am zoustännegen Evaluatiounscomité sëtzt, hofft datt den Delai nach verlängert gëtt.

Rick Mertens

Benoit Majerus
Benoît Majerus (Foto: Georges Hausemer)

D'Historiker Jean Reitz an Nadine Geisler krute viru Kuerzem vum Staatsministère den Optrag fir d'SREL-Archiven opzeschaffen. Si hätte "souwuel inhaltlech, wei handwierklech" den interessantste Projet gehat, esou den Benoît Majerus, dee gehollef huet déi zwee Historiker erauszesichen. Elo hätte si d'Aufgab en Inventaire vum SREL-Archiv ze maachen. Donieft géife si och "e Rapport driwwer ausschaffen, wei de SREL fonctionnéiert huet." Den Evaluatiounscomité soll bannent den nächsten zwee Joer regelméisseg driwwer informéiert ginn, wei d'Aarbecht virukënnt.

"E prinzipielle Problem, datt d'Quellen zerstéiert ginn"

Fir de Benoît Majerus gëtt et awer ee "prinzipielle Problem" mam aktuelle Projet: "En Deel vun den Archiven, op deenen déi zwee Historiker schaffen, sollen [no zwee Joer] zerstéiert ginn. Dat geet natierlech net richteg mat der historescher Method zesummen." Schonn am éischte Joer op der Uni géif een nämlech léieren, datt ee seng Quellen a Foussnouten muss uginn, fir datt spéider och aner Historiker op dëse Quellen kenne schaffen.

Den Zäitplang vun zwee Joer hätten "d'Politiker virginn", sou de Benoît Majerus. Hie seet sech awer "gespaant" op et "no deenen zwee Joer nach eng Kéier méiglech ass eng Verlängerung unzefroen".

Wiem gehéiert de Rapport?

Ee "wichtegen Enjeu" misst gekläert ginn, wann de Rapport bis fäerdeg ass. "Da stellt sech d'Fro: Wiem gehéiert eigentlech dee Rapport? A wei fräi ka mat dem Rapport geschafft ginn?" Iwwer dee Punkt géif am Moment "e bësse gestridde ginn." Bis elo wier virgesinn, datt de Rapport eleng dem Staatsministère soll gehéieren, deen de Projet an Optrag ginn huet.

D'Historiker, déi am Evaluatiounscomité setzen, wieren Allenzwee net domat averstanen. Si géife sech "eng méi fräi, wëssenschaftlech Approche" wënschen, bei där de Rapport ënnert d'Propriété intellectuelle vun den Historiker fält, déi de Rapport geschriwwen hunn. Op dat geschitt wier schlussendlech awer "eng politesch Entscheedung", sou de Benoît Majerus: "Dat ass keng Decisioun, déi mir als Historiker huelen."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Archiven Exklusiv
Geheimdéngscht

D'Historiker Jean Reitz an Nadine Geisler goufe beoptraagt, fir d'SREL-Archiven aus de Joren 1960 bis 2001 opzeschaffen. Déi Informatioun huet de Staatsministère dem radio 100,7 confirméiert.

Jean-Claude Franck Meenung
Kommentar

Déi aktuell Affär ëm eng illegal SREL-Ecoute weist, datt sech d'Attitude vun der Politik a Punkto Geheimdéngscht iwwerhaapt net geännert huet. E Kommentar vum Jean-Claude Franck.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Presserevue

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen