Analys Covid-Zuelen Zuel vun Neiinfektioune geet an d'Luucht
Och den Donneschdeg goufen et eisen Informatiounen no nees méi wéi 200 positiv Tester. De Bilan gëtt awer réischt am spéiden Nomëtteg publizéiert. Domat klammen d'Fallzuelen. Virun engem Mount goufen et an der Wochemoyenne 113 Neiinfektiounen den Dag. Den Ament sinn et der gutt 50 méi. D'Inzidenz op zwou Wochen ass esou héich wéi Ufank Januar. Et gëtt awer och nees méi getest, de Positivitéitstaux ass an der Wochemoyenne nach ëmmer zimmlech stabel bei 1,7 Prozent.
D'Chamber stëmmt de Freideg de Mëtteg iwwer eng Verlängerung vun de Covid-Mesuren of. Bis de 14. Mäerz inclus sollen déi aktuell Restriktioune verlängert ginn. Et soll weider eng Ausgangsspäer vun owes 11 bis moies sechs gëllen, Caféeën a Restaurante bleiwen zou, doheem dierf een nach ëmmer nëmmen zwou Persounen aus dem selwechte Stot empfänken. Et sinn och e puer nei Mesure virgesinn: Wann d'Schoulkanner vu manner wéi 13 Joer zréck an den Homeschooling mussen, dierfe se wärend där Zäit och net an hirem Sportclub um Training deelhuelen. A Sportler an hir Trainer musse virun enger Competitioun en negative Coronatest virweisen, dee manner wéi 72 Stonnen al ass.
Wäerter an de Kläeranlage ginn an d'Luucht
Och déi lescht Wäerter an de Kläranlaagen si liicht ugezunn: Ufank der Woch virun allem. An de leschten Deeg hu se sech op deem héigen Niveau stabiliséiert.
D'Autoritéite monitoren d'Situatioun den Ament nees méi intensiv wéi virun e puer Wochen, heescht et vun enger gutt informéierter Source. Et géif versicht ginn iwwer de Contact Tracing esou séier wéi méiglech eng Verbreedung am Entourage vun den infizéierte Leit ze verhënneren.
Nach Onkloerheet iwwer d'Verbreedung vu Virusvarianten
Déi nei méi geféierlech Virusvariante sinn och zu Lëtzebuerg ënnerwee. Wéi staark, ass eng vun den Inconnuen den Ament. Et gëtt op en neie Rapport vum Nationale Gesondheetslaboratoire gewaart. Dee soll fir d'éischte Kéier en national representativen Echantillon virleeë fir ze kucke wéi verbreet ënnert anerem déi verschidde Variante sinn. Gutt Zuelematerial ass do wichteg: D'Autoritéite fäerten, datt Lëtzebuerg vum däitsche Robert Koch Institut als Virusvariante-Gebiet klasséiert gëtt, wat nei Rees-Restriktioune géif mat sech bréngen.
Bei ronn aacht an engem hallwe Prozent vun de Lëtzebuerger Residenten ass de Coronavirus bis haut detektéiert ginn. 619 Persoune sinn un oder mam Virus gestuerwen. D'lescht Joer gouf et zu Lëtzebuerg trotz strikte sanitäre Mesuren eng Surmortalitéit.