Prioritéite vun der Lëtzebuerger Presidentschaft vum Benelux-Ministercomité dëst Joer sollen ënner anerem d'Energietransitioun an de Kampf géint de Klimawandel sinn, huet de Xavier Bettel ugekënnegt. Op dëse konkrete Sujeten soll grenziwwerschreidend geschafft ginn.
Am Kontext Energie a Klima huet de Premier och un d'Aktioune vun deene Jonken erënnert, déi sech Suerge wéinst dem Klimawandel maachen.
Enk Zesummenaarbescht
D'Problemer vun haut géifen d'National-Staaten iwwerfuerderen, huet de Ministerpresident vum däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen Armin Laschent betount. Et géif besser zesumme goen. E Beispill dofir wier déi sougenannten "Energie-Wende".
Nordrhein-Westfale géif virun engem risege Strukturwandel stoen, well ee bis 2038 keng Brong- a Steekuel méi géif verfeiren. Gläichzäiteg géif Däitschland bis 2022 aus der Atom-Energie erausklammen.
Transparenz ass en Atout
Wat d'Produktioun vun Atom-Energie an der Belsch ugeet, hätt Bréissel Efforte gemaach, wat d'Transparenz ugeet, huet de Premier Xavier Bettel gëschter ënnerstrach.
De belsche Premier Charles Michel huet op der gemeinsamer Pressekonferenz nom Benelux-Sommet un déi belsch Strategie erënnert, fir bis 2025 aus der Atom-Energie wëllen eraus ze klammen. Hien huet betount, datt een näischt ze verstoppen hätt, an datt et wichteg wier fir Informatioune reegelméisseg ënnerteneen auszetauschen.