Landwirtschaft Zefridde Gesiichter nom Agrarsommet

D'Suerge vun der Landwirtschaft eescht huelen an déi néideg gesetzlech Adaptatioune virhuele fir de Baueren a verschiddene Punkten entgéint ze kommen. Dat war d'Zil vum Agrarsommet. Op deen hate gëschter de Premier Xavier Bettel, de Landwirtschaftsminister Claude Haagen an d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring invitéiert.

Jacques Ganser / jod

Kéi am Stall
(Foto: Cyrille Hill)

Lauschteren


Schonn éier sech d'Vetrieder vun der Landwirtschaftskummer, der Bauerenallianz an den Jongbauere mat de Minister gesinn hunn, waren di kriddelegst Sujete vum Dësch. De Bauere war dat neit Agrargesetz en Dar am An.

Upassungen um Agrargesetz

Et setzt op Basis vun der europäescher Agrarpolitik de Kader vun der landwirtschaftlecher Aktivitéit a vum Primmesystem. Manner Véi a manner Zäregasen. Dat war de Credo vu Bréissel, deen zu Lëtzebuerg wéi gedoen huet. A fënnef konkrete Punkte war de Landwirtschaftsminister de Bauere mat Changementer um geplangten Text entgéint komm. De Luc Emering vun de Jongbaueren:

"Ech muss soen, datt dat Agrargesetz iwwer dat mir haut de Mëtteg diskutéiert hunn, dat ass en anert Agrargesetz wéi iwwer dat mir diskutéiert hunn, wéi déi Kräizer laanscht d'Stroosse stoungen. Eben aus deene Grënn, well mir Dialog haten."

En anerer kriddelege Punkt war d'Begrenze vun der maximaler Unzuel u Béischten, déi däerfe gehale ginn. Déi Grenz bleift zwar, ma d'Krittäre ginn dem Landwirtschaftsminister Claude Haagen no méi flexibel:

"Ech muss soen, datt mir zwou, dräi Réuniounne gebraucht hunn, datt mir Accorde kritt hunn an datt och d'Autorisatiounsprozedur par rapport zu der Uewergrenz vum Véibestand jo t'selwecht bleift, mat fënnef UTA'en, dat heescht den theoretesche Wäert dee geholl gëtt, fir dann de Véibestand ze kontrolléieren.

Mat engem règlement grand-ducal oder engem Artikel am Gesetz géing lo gekuckt ginn, wéi een en einfache Monitoring kann op d'Been stellen, esou de Claude Haagen. Domadder soll de Ministère dann och selwer kontrolléiere kënnen, op sech d'Emissiounswäerter vun de Betriber reduzéieren.

Sujet "Zukunftsdësch Landwirtschaft" gouf ugeschwaat

Et war awer trotzdeem net just e Meet and Greet gëschter zu Senneng. Sou goufen och nei Sujeten ugeschwat wéi zum Beispill d'Schafen vun engem Zukunftsdësch Landwirtschaft zesummen mat der Zivilgesellschaft an de Konsumenten. Ee Wee fir deen sech och d'Emweltministesch Joëlle Welfring ausgeschwat huet:

"Ech fannen déi Iddi vun dem Zukunftsdësch eng ganz, ganz gutt Iddi an eng ganz wichteg. Dat war och e Wonsch, deen ech och mat bruecht hat an dës Ronn, well et mir wichteg ass, datt mir, wa mir vun der Zukunft vun der Landwirtschaft schwätzen, net just op Autorisatiounen ziele fir iergendwéi Impakter am Grëff ze behalen."

Et géing drëms goen, d'Zukunft esou ze plangen, datt ee graduell all déi verschidden Ëmstellunge kéint ënnerhuelen, esou nach d'Joëlle Welfring.

Op verschiddene Punkten soll dann net nëmmen d'Agrargesetz, mee och d'Naturschutzgesetz ugepasst ginn. Dat gëllt zum Beispill fir d'Installatioun vun Photovoltaikanlagen an Traffoen an Gréngzonen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Jacques Ganser
Lauschteren

Méi zum Thema

Landwirtschaft
Interpellatioun an der Chamber

D'Bauere solle gestäerkt an d'Versuergung zu Lëtzebuerg soll sou wäit wéi méiglech gedeckt an nohalteg gemaach ginn. Et ginn awer Contrainte fir esou Pläng ëmzesetzen, huet et an der Chamber geheescht.

Landwirtschaft
Agrikultur

2022 war e ganz schwieregt Joer fir d'Landwirtschaft, d'Baueren hätten awer dat Bescht erausgezunn. Zu där Conclusioun kënnt de Landwirtschaftsministère no enger Reunioun mat Representanten aus dem Secteur.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen