Mëllechproduktioun Ze vill Bio zerstéiert Bio

"Et ginn net esou vill Bio-Produite kaaft, wéi déi meescht Leit mengen," seet den neie President vun der Luxlait. De Marc Reiners ënnersträicht, datt de Verkaf vu Bio-Mëllech bei der Luxlait am Moment net géif zouhuelen. Hie warnt dofir virdrun, d'Mëllech-Produktioun ze séier op Bio ëmzestellen.

Rick Mertens / cz

Marc Reiners
De Marc Reiners ass de President vu Luxlait

Wann op eemol jiddweree Bio-Mëllech géif hierstellen, géif de Präis op dee selwechten Niveau erofgoen, wéi bei konventioneller Mëllech, fäert de Marc Reiners. "Dat mécht kee Sënn. Dat packen d'Baueren net. Dat fonctionnéiert net."

Eng ze grouss Offer u Bioproduite géif, senger Meenung no, de ganze Bio-Beräich zerstéieren.

Sech méi op de Marché vun den auslännesche Matbierger konzentréieren

D'Verkafszuele vun der Luxlait wuessen net esou séier, wéi d'Populatioun hei am Land. De Luxlait-President Marc Reiners seet, dat géif dru leien, datt Leit, déi aus dem Ausland hei hinner wunne kommen, éischter auslännesch Mëllechproduite kafen.

D'Luxlait géif dofir an nächster Zukunft méi geziilt Reklamm bei Matbierger maachen, déi net déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn.

Keng Konkurrenz tëschent Fage a Luxlait

De President vun der Luxlait geet net dovun aus, datt de griichesche Jughurtsproduzent Fage sech zu enger Konkurrenz entwéckelt. Et kéint souguer eng Chance sinn, wa Fage sech zu Lëtzebuerg géif nidderloossen. "Well si just am Jughurtsberäich wäerte schaffen, an dat heescht griichesche Jughurt, wou mir hinnen net an hire Programm erafunken, a si eis och net."

De Marc Reiners gesäit absolutt keng Konkurrenz, souguer am Géigendeel. De griichesche Produzent kéint nämlech eventuell en Deel vun der Luxlaits-Mëllech verschaffen. Am Moment wieren dat awer nach "Spekulatiounen", esou de Marc Reiners. D'Luxlait hätt bis elo nach net mat Fage iwwer eng méiglech Zesummenaarbecht verhandelt.

Bis elo hätt d'Luxlait awer net mam griichesche Produzent iwwer dës Méiglechkeet verhandelt, esou nach de Marc Reiners.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Koustall
Mëllechquot

Den 1. Abrëll virun dräi Joer gouf d'Mëllechquot ofgeschaaft, déi de Präis op engem stabillen Niveau sollt halen. Dat ass net gegléckt. D'Baueren hunn haut ënnerschiddlech Meenungen iwwer e Quotesystem.

ntibiotik.JPG
Aktiounsplang

De Gesondheetsministère an de Landwirtschaftsministère hunn een Antibiotiquen-Aktiounsplang fir d'Period 2018-2022 ausgeschafft. De Mëssbrauch vun Antibiotique ka geféierlech ginn, wëll Bakterie resistent ginn.

bio2-300x192.jpg

D'Bio-Baueren-Genosseschaft huet op den 31. Dezember d'Zesummenaarbecht mat der Luxlait gekënnegt. Dat well d'Luxlait net bereet war de Biobaueren ee bessere Präis fir hir Mëllech ze bezuelen

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen