Klimaaktivismus Youth for Climate: "Mir wëllen definitiv weider protestéieren"

Eng méi héich Co2-Steier wier e "Muss", wann d'CO2-Emissiounen effikass solle reduzéiert ginn, seet d'Zohra Barthelemy vu Youth for Climate. Si huet d'Klimaprotester vun de Lycéesschüler dëst Joer mat organiséiert. Experten no géif eng CO2-Steier just eppes bréngen, wann se op d'mannst 40 Euro Tonn CO2 kascht, esou d'Zohra Barthelemey. Zu Lëtzebuerg wëllt d'Regierung an engem Joer eng CO2-Steier vun 20 Euro pro Tonn aféieren, déi bis 2023 op 30 Euro gehéicht gëtt.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Zohra Barthelemy

D'Jugendorganisatioun Youth for Climate wëllt och am neie Joer weider fir e bessere Klimaschutz protestéieren, sou hir Spriecherin Zohra Barthelemy. Méi genee Detailer iwwer geplangte Protestaktiounen wollt si awer nach net nennen. Am Moment géif bei Youth for Climate Lëtzebuerg virun allem hanner de Kulisse geplangt ginn.

Momentan géif ee sech iwwer de Klima- an Energieplang an an d'Klimaschutzgesetz eraschaffen an "dozou vläicht eppes Klenges verëffentlechen". Et wéilt een och weider op d'Strooss goen, mee och eng längerfristeg Struktur schafen, "fir datt och déi nächst Joren d'Leit vun deem kënne profitéieren, wat mir esou schaffen".

Verschidde Leit an der Klimabeweegung hätte méi Unerkennung verdéngt, wéi d'Greta Thunberg, seet déi jonk Aktivistin. Si seet et wier remarkabel, wat d'Greta Thunberg geleescht huet, déi ganz Beweegung géif awer aus vill méi bestoe wéi der Greta Thunberg. Virun allem wann ee géif gesinn, wéi sech de Mouvement an Afrika, Südamerika oder an Asien entwéckelt hätt.

A Russland a China géife jonk Klimaaktiviste souguer riskéiere fir an de Prisong ze kommen, an Extremfäll géife si souguer hiert Liewe riskéieren. Déi Leit hätte méi Unerkennung verdéngt.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Youth for Climate
United for climate justice

D'Beweegung Fridays for Future, déi vum Greta Thunberg an d'Liewe geruff gouf, hat dës ganz Woch Klimastreiker a Manifestatiounen organiséiert. Zu Lëtzebuerg hunn e puer honnert Leit e Stäremarsch an der Stad organiséiert.

Natasha Lepage
United for Climate Justice

Aktiviste vun "Youth for Climate Lëtzebuerg" zéien de Freideg Nomëtteg fir hire Stäremarsch duerch d'Stad. Si fuerderen d'Politik op fir am Kampf géint de Klimawandel konkret Mesuren ze ergräifen, betount d'Natasha Lepage.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen