Radioen

On air

Concert  |  E Wiener Dreemert um Piano

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Youth for Climate: Lëtzebuerg soll de Klimanoutstand deklaréieren

United for Climate Justice

Youth for Climate: Lëtzebuerg soll de Klimanoutstand deklaréieren

E grousse Stäremarsch ass fir de Mëtteg hei an der Stad geplangt. Dono solle virum Staatsministère op der Place Clairefontaine Riede gehale ginn. Et ass d'Manifestatioun "United for Climate Justice". Gerechent gëtt mat iwwer 15.000 Leit, seet d'Klimaaktivistin Natasha Lepage vu "Youth for Climate Lëtzebuerg".

auto_stories

2 min

Eng vun den zentrale Fuerderunge vun den Organisateuren ass, datt och de Grand-Duché de Klimanoutstand soll deklaréieren. Lëtzebuerg wier net ze kléng fir Changementer ze maachen, betount d'Natasha Lepage.

D'Aussoe vun de Politiker wieren net konkret genuch, soss missten et keng Protester ginn, esou déi 16 Joer jonk Aktivistin. Fir d'Membere vum Mouvement wier et immens frustrant, seet d'Aktivistin, well d'Effekter vum Klimawandel scho kloer siichtbar wieren. Et hätt een trotzdeem nach ëmmer d'Impressioun, datt d'EU näischt dogéint géif ënnerhuelen.

Zentral Fuerderung: Konkret Mesüren ergräifen

Eng vun de Konsequenze vum Klimawandel kéinten däitlech méi Flüchtlinge sinn, seet déi 16 Joer jonk Aktivistin Natasha Lepage, déi selwer an Indien, Indonesien a Senegal gelieft huet.

"D'Leit kënnen einfach net méi esou liewen. Et gëtt esou waarm an Indien, datt et einfach net méi méiglech ass een normalen Alldag ze féieren. An Indonesie wäerten duerch de méi héije Mieresspigel Inselen ënner Waasser stoen. Mir kënnen einfach net nokucken, wéi déi dote Länner zerstéiert ginn."

De Weltklimarat IPCC huet an engem spezielle Rapport dës Woch gewarnt, datt d'Mieresspigelen nach méi séier kéinte klammen, wéi erwaart. Rapporte mat esou drasteschen Aussoe wieren néideg, fir d'Gesellschaft op verschidde Mëssstänn opmierksam ze maachen, sou d'Natasha Lepage.