EU-ÄNTWERT OP PANDEMIE Xavier Bettel: "Ech verstoppen net, datt Drock do ass"

Vill EU-Länner maache sech Suerge wéinst där neier Variant vum Coronavirus a verlaange méi restriktiv Mesuren. Lëtzebuerg steet dowéinst ënner Drock a mécht op seng spezifesch Situatioun an der Groussregioun opmierksam, seet de Premier Xavier Bettel am 100,7-Interview.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

De Xavier Bettel um Bord vum EU-Sommet
De Xavier Bettel um Bord vum EU-Sommet am Oktober 2019. Foto: EU / Mario Salerno (Archiv)

D'Europäesch Kommissioun huet dës Woch eng Recommandatioun erausginn, där no bis am Summer 80 Prozent vum medezinesche Personal an den eelere Leit a 70 Prozent vum Rescht vun de Bierger solle geimpft sinn.

80 Prozent bis am Summer geimpft: Machbar fir Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg wier dat machbar, "wa mer den Impfstoff kréien", seet dozou de Premier Xavier Bettel. Et géif dovun ofhänken, wéini de Vaccin ukënnt.

Zu Lëtzebuerg kéim een am Kader vun deene Moyenen, déi een huet, "gutt virun". Et misst een awer den Ament, d'Hallschent vun den Impfdosissen op d'Säit leen, fir de geimpfte Persounen déi zweet Dosis och sécher kënnen ze ginn.

Zäitplang fir d'Impfen den Ament net méiglech

D'Patientevertriedung huet en Donneschdeg vun der Regierung gefuerdert, datt ee kloren Zäitplang soll gemaach ginn, wie wéini geimpft gëtt. Déi national Eethikkommissioun wier gefrot ginn, hiren Avis doriwwer ofzeginn, wien nom medezinesche Personal an de Leit an de Fleegeheemer un d'Rei soll kommen.

Vu datt d'Regierung awer net d'Impfstoffer géif produzéieren an och net genee wéisst, wéini déi nächst Liwwerunge wierklech ukommen, kéint een awer elo keng Datumer ginn, esou de Lëtzebuerger Premier.

Déi nei Variant géif jiddwerengem Suerge maachen. Dat wier och ze verstoen, allerdéngs misst hei och zur Kenntnis geholl ginn, datt Lëtzebuerg zu deene Länner gehéiert, déi am meeschte Séquentage maachen, also bei den Tester och kucken, wéi eng Variante vum Virus virleien. Et misst een also d'Zuel vun de Fäll vun deenen neie Varianten, déi nogewise ginn, en Rapport zu der Zuel vun den Tester setzen, déi doriwwer gemaach ginn.

Message un d'Noperen: Mesurë si virsiichteg a responsabel

Grenzen zoumaache wier nach ëmmer net d'Léisung fir de Virus ze stoppen. Fir Lëtzebuerg hätt dat en vue vun de ville Frontalieren, déi am Gesondheetssecteur schaffen, schro Konsequenzen.

All Land hätt iwwerdeems eng aner Situatioun an aner Mesuren, esou de Xavier Bettel.

"Dat, wat wichteg ass, ass datt mer net à contresens ginn. Wann een haut géif decidéieren, alles opzemaachen, da verstinn ech, datt ee sech am Nopeschland Suerge mécht. Mee wann ee virsiichteg a responsabel handelt an au fur et à mesure déi eng oder aner Decisioun hëlt, stéisst een och op Versteesdemech vu sengen Noperen."

D'Mesurë géifen op nationalem Niveau geholl a kéinten och net imposéiert ginn. Hie géif awer verstoen, datt een erwaart, datt se no enger gewësser Logik geholl ginn.

"Et wier ee Feeler, wann ee géif probéiere Schlupflächer ze fanne fir vis-à-vis vu sengem Noper seng wirtschaftlech Leeschtung ze steigeren".

Lëtzebuerg stéing den Ament awer ënner Drock. Dowéinst wieren dës Woch och vill Gespréicher gelaf, "fir op d'Specificitéit vun der Dependance vun der Groussregioun fir Lëtzebuerg opmierksam ze maachen."

Impf-Certificat a Reesfräiheet: ze fréi fir Conclusiounen

Wat ee Certificat iwwer eng Covid-Impfung ugeet, sot de Premier, et wier ze fréi fir iwwer d'Konsequenze vun esou engem Certificat ze schwätzen. Ëmmerhi wier nach net gekläert, ob eng geimpfte Persoun de Virus ka viruginn.

"Wann awer duerno Länner, déi elo bei der Arees PCR-Tester froen, een Impf-Certificat gëlle loossen, ass dat hiert gutt Recht."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Genome Sequencing
Coronavirus

Wa sech d'brittesch Corona-Variant méi verbreet, da kéint et bannent den nächste Wochen zu enger staarker Hausse vun den Infektiounszuele kommen, esou Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg.

Chambre des Députés
Santéskommissioun

D'Deputéiert bleiwe virsiichteg, wat eventuell nei Corona-Mesuren ugeet. D'Zuele géifen aktuell zwar gutt ausgesinn, et wier awer nach ze fréi fir konkret ze ginn. D'Regierung mécht de Weekend de Point.

Luc Feller
Impfcampagne

Beim Vaccin vu Pfizer/BioNTech sollen an Zukunft véier Wochen tëschent den zwou Dosisse leien, seet de Luc Feller. Beim Impfstoff vu Moderna wier den Ecart dee selwechten - dat géif d'Planung vereinfachen.

Blutttest
Corona-Infektiounen

Bei 3.961 Antikierper-Tester haten 277 Leit Antikierper. Héichgerechent géif dat bedeiten, datt eng 44.000 Leit Kontakt mam Virus haten, äntwert d'Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen