arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel: D'Politik muss e Kompromëss fannen

No annoncéierte Lockerungen

|
reading time

1 min

Xavier Bettel: D'Politik muss e Kompromëss fannen

De Premier Xavier Bettel verdeedegt d'Decisioun vun der Regierung, fir eenzel Restriktiounen ze lackeren. Et kéint een d'Leit net aspären, just well d'Zuelen ënner Ëmstänn a 14 Deeg nees méi schlecht sinn. De Premier betount awer och, datt ee misst séier reagéiere kënnen, wa beispillsweis an dräi Wochen d'Zuelen erëm an d'Luucht géife goen.

reading time

1 min

Aufgab vun der Politik wier et fir e Kompromëss ze fannen, tëscht beispillsweis dem Avis vu Virologen, déi e wochelaangen haarde Lockdown froen, an de Fuerderunge vun eenzelen ekonomesche Secteuren, déi ouni Aschränkunge funktionéiere wëllen.

"(...) wann een alles dat zesummenhëlt, da kënnt herno eng Léisung wou een net ka soen: Well mer net wësse, maache mer mol alles zou."

Et wier richteg gewiescht, d'Restriktioune wéinst Corona iwwer d'Feierdeeg méi strikt ze maachen, an och fir Chrëschtdag a Silvester keng Exceptioun zouzeloossen.

"Keng Tensiounen an der Regierung"

Dës Woch géif de moment de vérité ginn, wou ee geséich wéi gutt d'Leit sech iwwer d'Feierdeeg un d'Reegele gehalen hunn. Hie wier awer optimistesch, ënner anerem, well et der Police no, net vill Infraktioune géint d'Spärstonn ginn hätt.

D'Regierung wier an engem "Balance-Akt", iwwer deen et an der Koalitioun keng Divergenze géif ginn. Déi dräi Parteie géifen hanner den Decisioune stoen an et géif keng intern Tensiounen an der Regierung ginn, sou de Xavier Bettel.

De Xavier Bettel hëlt d'EU-Kommissioun virun de Kriticken a Schutz, si hätt den Akaf vu genuch Impfstoff verschlof. Wann am Moment net genuch Vaccin disponibel wier, wier dat kee Problem vu Bestellungen, mee e Problem vu Produktioun, sou de Xavier Bettel.