Fräie Mikro Wuesstum ass net nëmme wuessen
Eng Problematik ass zu Lëtzebuerg a leschter Zäit an de Fokus geroden: De Begrëff vum Wuesstem gëtt am ëffentlechen Discours ëmmer méi gebraucht, mä och ganz vill mëssbraucht. Spéitstens bei der Fro, wou mir wëllen hikommen, hält d'Diskussioun séier op, mengt de Laurent Moyse am Fräie Mikro.
Eng Problematik ass zu Lëtzebuerg a leschter Zäit an de Fokus geroden: De Begrëff vum Wuesstem gëtt am ëffentlechen Discours ëmmer méi gebraucht, mä och ganz vill mëssbraucht. Spéitstens bei der Fro, wou mir wëllen hikommen, hält d'Diskussioun séier op.
Wat ass Wuesstem?
Bal zéng Joer no der Kris vun 2008 steet eis Wirtschaft erëm op festem Buedem. De PIB klëmmt erëm kräfteg, d'Bevëlkerung geet weider stänneg an d'Luucht, grad wéi d'Immobiliëpräisser, den Autosverkéier an d'Zukunftsängscht vun eenzele Läit. ''Mir mussen ophalen, an deem Rhythmus weiderzefueren'', heescht et ëmmer méi dacks, well eist Land iergendwa platzt, a well eis Ëmwelt riskéiert, op Dauer futtizegoen. Déi moderat Stëmme priedegen e qualitative Wuesstem, déi radikaalst Stëmme fuerderen e Wuesstemsstopp.
Wat genee ënnert där Terminologie gemengt ass, geet net ëmmer aus den Debatten ervir. Et heescht awer, mir sollen aus der Logik vum absoluten Produktivismus erausklammen a méi op d'Liewensqualitéit Wäert leeën. Mä och de Begrëff Liewensqualitéit ass net ëmmer kloer definéiert, well d'Virstellunge vun de Bierger meeschtens auserneeleien.
Eng historesch Entwécklung
Eise kapitalistesche Wirtschaftsmodell ass ebe vum Wuesstem ofhängeg, sou datt eng Ëmstellung - déi sécherlech berechtegt ass - awer net ouni Weideres verwierklecht ka ginn. Et kann een natierlech déi extrem Aart a Weis bevirzéien, wéi dat zum Beispill an de kommunistesche Länner gelaf ass, mam Resultat, datt de System no a no zesummegebrach ass. Et brauch een awer net esou weit ze goen, bis ee mierkt, datt tëschent dem Wonsch vun enger méi responsabeler Croissance an der knallhaarder Realitéit vum Marché e Gruef läit.
Déi westlech Gesellschaften hu sech an der Vergaangenheet vun deem Moment u wirtschaftlech séier entwéckelt, wéi si Industrienatioune gi sinn. Déi industriell Revolutioun konnt sech duerch den technesche Fortschrëtt an d'Masseproduktioun behaapten, zwee Facteuren, déi no a no och d'Landwirtschaft fundamental verännert hunn.
Den Déngschtleeschtungssecteur, deen a Länner wéi Lëtzebuerg zu engem Haaptpilier vun der Ekonomie ginn ass, funktionéiert no de selwechte Prinzipie vu Produktivitéit an Effektivitéit. Souguer déi drëtt Revolutioun, wéi si heiansdo genannt gëtt, entgeet deem Schema net, och wa si mat Schlësselwierder wéi Nohaltegkeet, ëmweltfrëndlech oder Kreeslafwirtschaft agekleet gëtt.
Wéi eng Alternativen?
Déi allerwéinegst, déi deem staark op Profit ausgebaute Produktivitéitsmechanismus Schluss maache wëllen, setze sech mat de Konsequenzen um Aarbechtsmaart auserneen. Déi alternativ Modeller kënnen zwar an eenzele Secteuren nei Plaze schafen, mä an deene meeschte Fäll wäerten déi Posten, déi massiv ausfale wäerten, net kënne kompenséiert ginn.
Mir mussen eis also net nëmme Froen stellen, wéi mir eis Aktivitéiten ëmweltgerecht ëmmodele wëllen, mä eis och Gedanke maachen, wéi mir an Zukunft d'Leit beschäftege wëllen, fir datt si net systematesch d'Zuel vun den Aarbechtslosen eropschrauwen, an domat den Aarmutsrisiko erhéijen, respektiv dem Staat seng Redistributiounspolitik esou belaaschten, datt de System iergendwann zesummebrécht.
Eng aner Realitéit
Virun der industrieller Revolutioun huet e groussen Deel vun der Bevëlkerung um Land gewunnt a souz direkt bei der Ernährungsquell. Déi staark Transformatioun vun der Wirtschaft huet zu engem massive Wunnengstransfert an d'Stied gefouert. De Liewensmodus huet sech grondleeënd geännert, grad esou wéi déi sozial Relatiounen. Déi Transformatioun ass am gaangen, weider fundamental fortzeschreiden a souwuel d'Aarbechtswelt, wéi eist soziaalt a familiäert Ëmfeld komplett ze veränneren. Muer wäerte mir erëm anescht liewen, anescht iwwerleeën an anescht kommunikéieren.
D'Wuesstemsproblematik schléisst also vill méi Aspekter a wéi nëmmen Zuelenakrobatik, Produktivitéitsdrang an alternativ Wirtschaftsmodeller.
Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.