US-Mauerbau WSA-Gelder fir Mauer tëscht USA a Mexiko

Den Ausseminister Jean Asselborn confirméiert op Nofro hin, datt déi amerikanesch Regierung wëllt Gelder, déi eigentlech fir den Ausbau vun der WSA zu Suessem geduecht waren, fir de Bau vun engem Zonk op der Grenz mat Mexiko ausginn.

Christiane Kleer / cz

USA-Mexiko
Foto: Bigstock / mikeledray

Déi amerikanesch Tëlees-Chaine CNN hat Enn leschter Woch scho gemellt, datt - ënner anerem - ronn 67 Milliounen Dollar, déi fir d'Warehouse Service Agency mat Sëtz zu Lëtzebuerg geduecht waren, solle fir deen Zweck ofgezu ginn. De Jean Asselborn präziséiert, datt d'Zomm, déi am Spill ass, fir de geplangten Ausbau vun der WSA geduecht waren. Onkloer ass elo, ob deen Ausbau trotzdem realiséiert gëtt oder net. Et géif een de Moment op Detailer vun den amerikaneschen Autoritéite waarden, sou den LSAP-Ausseminister. D'WSA zu Suessem stockéiert Equipementer a Material vun der amerikanescher Arméi, dat op Basis vun engem bilateralen Accord tëschent Lëtzebuerg an den USA. Den Deputéierte Marc Spautz, CSV, huet eng parlamentaresch Fro zum Thema gestallt.

Méi zum Thema

Donald a Melania Trump um Wee op Dayton an El Pas
No zwee weideren Amokleef

​No den zwee Amokleef de leschte Weekend huet den US-President Donald Trump d'Stied Dayton an El Paso besicht. Vill Leit gesinn dem Donald Trump als Matschëllegen un. Den US-President gesäit dat anescht.

Philip Crowther Analys
Grenzmauter tëscht den USA a Mexiko

Den Donald Trump wëllt d'Grenz mat Mexiko wéinst massiver Immigratioun zoumaachen. Seng Warnung bleift bis elo just eng Warnung. De President wëllt awer all Dag iwwer Immigratioun schwätzen.

Philip Crowther Analys
US-Republikaner

De Stëllstand vu villen amerikanesche staatlechen Institutioune geet weider. De Grond dofir ass d'Iddi, eng Mauer op der Grenz mat Mexiko ze bauen. D'Republikaner stäipen dem Trump do de Réck.

Philip Crowther Analys
Immigratiounspolitik

An nëmme sechs Woche goufen op der Grenz tëscht Mexiko an den USA bal 2.000 Kanner vun hiren Eltere getrennt, an a provisoresch Heemer geschéckt. Dem Donald Trump seng Politik kéint zum Skandal ginn.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen