Impfstoff Wou ass d'Sich no engem Impfstoff géint de Coronavirus drun?

D'Sich no engem Impfstoff géint den neiaartege Coronavirus leeft weltwäit op Héichtouren. Den Dr. Rudi Balling, Direkter vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine rechent domat, datt éischt Resultater iwwer d'Wierksamkeet vu méiglechen Impfstoff-Kandidaten schonn an dräi oder véier Méint kéinte virleien. Wéi séier d'Produktioun dann nokënnt, sollt et zu enger éischter Impfstoff-Zouloossung kommen, wier nach schwéier virauszegesinn.

Rahel Könen / cz

Rudi Balling
Foto: scienceRELATIONS

De Bäitrag vum Rahel Könen lauschteren


Der Weltgesondheetsorganisatioun no ginn et weltwäit iwwer 160 Impfstoff-Projeten un deenen aktuell gefuerscht gëtt. E puer vun dëse befanne sech mëttlerweil an enger klinescher Préifphas, wat bedeit, datt d'Impfstoff-Kandidaten an dräi ënnerschiddleche Phasen, op d'Verdroen, méiglech Doséierung a schlussendlech op d'Wierksamkeet um Mënsch getest ginn.

Dem däitsche Verband vun de fuerschende Pharma-Entreprisen (VFA) no dauert eng Impfstoff-Entwécklung an der Reegel bis zu 20 Joer. Duerch d'Kris hätt sech dëse Prozess staark acceleréiert, esou de Rudi Balling. Déi Impfstoffer déi elo an der Entwécklung sinn, hätten ënner normale Konditiounen op mannst fënnef Joer gebraucht fir an déi Phas ze kommen, wou se elo grad sinn. Datt dat bannent fënnef Méint méiglech war, wat gewéinlech wéinstens fënnef Joer brauch, wier dorop zréck ze féieren, datt weltwäit all d'Ressourcen heirop konzentréiert goufen.

Op den internationalen Drock bei der Entwécklung negativ Auswierkungen op d'Qualitéit vun engem Impfstoff-Kandidat kéint hunn, wier schwéier ze soen. Dat Ganzt wier ëmmer eng Fro vun der Risiko-Ofschätzung. Senger Aschätzung no wieren d'Autoritéiten, déi d'Produiten zouloossen, sech hirer Verantwortung awer bewosst a wéissten och, datt si verantwortlech kënne gemaach ginn, wann eppes schif geet.

Dräi bis véier Pharma-Entreprisen hätten den Ament d'Nues vir. Wien d'Renne mécht, wier awer nach net virauszegesinn. Warscheinlech géife bis zum Enn vun dësem Joer eng "ganz Rei" vu Kandidate prett stoe fir an déi final Tester ze goen. Nieft de Fuerschunge géifen zum Deel och scho Produktiouns-Capacitéite bereetgestallt ginn, fir wann Impfstoff-Kandidaten zougelooss ginn, esou de Rudi Balling.

Méi zum Thema

ILlustratioun Vaacin COVID-19 SARSCoV2
Corona-Kris

D'Länner aus der Europäesch Unioun solle sech zesummendinn, fir sech Impfstoffer géint de Coronavirus ze verschafen, fënnt d'Europäesch Kommissioun. 4 EU-Länner hunn awer schonn een Accord mat engem Impfstoff-Produzent ofgeschloss.

Dirk Brenner
Coronavirus

No enger Infektioun wier ee mat grousser Warscheinlechkeet op d'mannst fir eng Zäit immun géint de Virus, seet den Dirk Brenner vum Luxembourg Institute of Health.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen