Däitschland Wier de Jens Spahn de richtege Choix fir de Chefposten an der CDU?

A knapp zwee Méint, Ufank Dezember, well sech déi däitsch CDU e neie Chef wielen. An der Partei ginn emmer méi Stemmen haart, déi de Jens Spahn als Parteichef fuerderen - obwuel de Gesondheetsminister guer net Kandidat ass. Wier hien de richtege Choix?, freet eisen Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch an der Auslandschronik.

Matthias Kirsch / cz

Jens Spahn
Foto: picture alliance / dpa

Enn Februar: Et ass nach mëtten am Berliner Wanter a vun der Corona-Pandemie schwätzt nach keen, do sëtzt den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn an der Bundespressekonferenz a lauschtert no. Nieft him: den Armin Laschet, Ministerpresident vu Nordrhein-Westfalen, deen an dësem Moment seng Kandidatur fir de Chefposten an der CDU bekannt gëtt.

Datt de Jens Spahn niewendru setzt an nolauschtert, huet en einfache Grond. Hien ënnerstëtzt d'Kandidatur vum Laschet a soll - am Fall vun enger Victoire - säi Stellvertrieder ginn.

Um Ufank vum Joer mécht dëst fir de Jens Spahn total Sënn. De Jens Spahn ass, zu deem Moment, scho Gesondheetsminister an duerchaus respektéiert an der Partei. Datt hien e gutt Joer virdrun, trotz minimale Chancen, géint d'Annegret Kramp-Karrenbauer an de Friedrich Merz fir den CDU-Chefposten ugetruede war, rechne vill Leit an der Partei him héich un.

Hien huet säi Standing an der Pandemie verbessert

D'Iwwerleeung hanner der Duebel-Kandidatur: den Drock vun der Post-Merkel Zäit läit um Armin Laschet. De Jens Spahn kann dann, e puer Joer méi spéit a mat engem méi bekannten Kapp, selwer kandidéieren.

Ma wat en Ënnerscheed e puer Méint kenne maachen. An der leschter Woch huet e Grupp vun CDU-Deputéierten aus dem Bundestag ëffentlech gefuerdert, de Jens Spahn sollt elo scho selwer fir de Chefposte kandidéieren. Datt de Gesondheetsminister an de leschte Méint dauerpresent war an de Medien an am europäesche Verglach scho bal glimpflech duerch d'Pandemie komm ass, huet säi Standing nëmmen nach verbessert.

Méi jonk wéi d'Konkurrenz

Mee: De Kampf em den CDU-Chefposten ass scho laang lancéiert. Armin Laschet, Friedrich Merz a Norbert Röttgen heeschen d'Kandidaten. An de Jens Spahn huet bis elo u senger Ënnerstëtzung fir de Laschet festgehalen. Géif seng Kandidatur awer Sënn maachen?

De Gesondheetsminister hätt, nieft senger aktueller Popularitéit, nach ee ganz grousse Virdeel. Hie wier deen eenzegen aus dem Quartett, deen net aus der merkel'scher Politik-Generatioun ass. Hie kéint tatsächlech um Ticket fueren, fir en Neistart an der CDU ze stoen.

Den aktuelle Wahlkampf fir den héchste Parteiposte kéint nämlech eng Source fir Inspiratioun sinn. Kéint nei Iddien, nei Konzepter ervirbréngen. Mee all dat geschitt mat Laschet, Merz a Röttgen net.

D'CDU brauch Erneierung

Dobäi brauch d'CDU genau dat: Erneierung. Well net manner steet fir de nächste Parteichef um Spill - schliisslech wäert dëse mat gréisster Warscheinlechkeet och Kanzlerkandidat vun CDU an CSU ginn. An huet domat beschte Kaarte fir d'Angela Merkel am Bundeskanzleramt ofzeléisen.

Domat wier een dann och beim leschten, groussen Argument, firwat de Jens Spahn fir d'CDU kéint Sënn erginn: Mat senge 40 Joer huet hien nach Zäit, hie misst net elo direkt Kanzlerkandidat ginn. An dat kéint de Wee fräi maachen, fir den anere grousse politesche Gewënner vun der Corona-Pandemie an Däitschland: de bayresche Ministerpresident Markus Söder.

Fir d'CDU wier dëst, vun engem taktesche Point de vue ideal: Geet d'Rechnung op, stellt d'Unioun weider de Kanzler. Geet se net op, kann een d'Schold beim CSU-Kandidat sichen. An hätt bei de Walen duerno e Kandidat prett, een deen da scho fënnef Joer Parteichef wier: de Jens Spahn.

An der Mediathéik:

Auslandschronik / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Grenzregioun
Lëtzebuerg als Risikogebitt

Däitschland huet Lëtzebuerg erëm als Risikogebitt aklasséiert. D'Areesaschränkungen - fir déi mëttlerweil nees eng Rei Ausname gëllen - suerge fir Frust a Veronsécherung an de Grenzgemengen.

Ministerpräsidentekonferenz Söder, Merkel etc
Däitschland

An Däitschland klamme nees d'Corona-Infektiounszuelen. An och d'Politik reagéiert wéi am Fréijoer. Kann d'Angela Merkel d'Ministerpresidenten nees un der kuerzer Léngt halen?

De Coronavirus weltwäit
Corona-Pandemie

Däitschland huet Lëtzebuerg erëm als Risikogebitt klasséiert. Dat kéint scho vun haut den Owend u gëllen. Leit, déi an Däitschland reese wëllen, mussen deemno erëm en Test maachen.

Matthias Kirsch
Däitschland

An Däitschland ginn d'Beschäftegt aus dem ëffentlechen Déngscht op d'Barrikaden. D'Tarifverhandlungen, déi ronn 2,3 Millioune Leit betreffen, ginn net virun. Nach weist d'Bevëlkerung Versteesdemech. Wei laang nach?

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen