Europawahlen 2018 Wieler zu Lëtzebuerg hu sech extrem spéit decidéiert

Iwwer d'Plattform Smartwielen, déi vun der Uni Lëtzebuerg, dem Zentrum fir politesch Bildung an dem LISER, entwéckelt gouf, konnt observéiert ginn, datt d'Wieler sech ganz spéit decidéieren, wiem si hir Stëmme ginn, seet de Raphael Kies vun der Uni Lëtzebuerg.

Carole Schimmer / cz

20150607-Kies-L1007255.jpg
Raphaël Kies

D'Wieler hätten hire Choix reegelrecht a leschter Minutt geholl, sou de Fuerscher. D'Hallschent vun den Notzer vu smartwielen hätten eréischt den Dag virun de Wahlen no Informatioune op smartwielen.lu gesicht. Dat géif weisen, datt d'Wieler ëmmer manner géife wëssen, fir wéi eng Partei oder Kandidate si wéilte wielen, doduerch géife Pronosticken a Sondagen nach méi schwéier. Vu 50.000 Persounen, déi de Service smartwiele benotzt hätten, hätten der ronn 20.000 eréischt de 25. Mee de Site consultéiert.

Smartwielen ass eng Plattform déi weise kann, wéi ee Kandidat a wéi eng Partei am nooste beim Wieler senge politeschen Iwwerzeegunge läit.

Méi zum Thema

EU Fändel Analys
Europawahlen 2019

Wéi positionéiere sech déi zéng Parteie fir d'Europawahlen zu den Themen Asyl, Migratioun, Flüchtlingen an europäesch Baussegrenzen? En Iwwerbléck iwwer déi verschidde Wahlprogrammer.

Illustratioun fir smartwielen
Smartwielen.lu

D'Online-Instrument Smartwielen soll hëllefen, op déi Froen ze äntwere fir e méi bewosste Choix ze treffen. Wéi funktionéiert den Tool, wéi gouf en ausgeschafft a wat si seng Limitten?

Maastricht Debate
Europawahlen 2019

Als Optakt vun der waarmer Phas vum Europawahlkampf gouf d'Debatt annoncéiert, déi d'Universitéit vu Maastricht co-organiséiert huet. Verschidde Positioune waren an der Debatt awer net vertrueden.

2018-09-20-Visuel-Artikel-smart-wielen.jpg
Chamberwahlen

Op dës Fro versicht d'Web-Applikatioun Smartwielen.lu op eng spilleresch a pedagogesch Aart a Weis ze äntweren. D'Uni.lu an den Zentrum fir politesch Bildung hunn dës App weiderentwéckelt.

Table Ronde iwwer politesch Bildung zu Lëtzebuerg
Politesch Bildung

Demokratie léieren iwwer Wëssensvermëttlung a Praxis. Wéi onofhängeg ka politesch Bildung sinn? Wéi vill Fräiraum ass méiglech? A wat ass en Impakt an d'Roll vun de Medien an de soziale Medien?

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen