Corona-Pandemie Wie soll fir d'éischt geimpft ginn?

An Däitschland gëtt déi national Impfstrategie ëmmer méi konkret. Gëschter gouf e Konzept presentéiert, wei eng Beruffs- an Populatiounsgruppe bei den Impfunge solle prioriséiert ginn. Mat der Noriicht vun engem méigleche Vaccin wiisst d'Hoffnung, datt een dëse Plang elo schnell kann ëmsetzen, mee nach bléiwe vill Froen oppe, mengt eisen Däitschland-Korrespondent Max Tholl.

Max Tholl / cbi

Corona-Impfstoff
Foto: Bigstock / Rido81

Den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn ass houfreg, datt a Form vum Mainzer Pharmakonzern Biontech een däitsche Betrib un engem méigleche Coronavirus-Vaccin bedeelegt ass. Gëschter koum jo d'Noriicht, datt ee Mëttel vun Biontech a Pfizer 90 Prozent Schutz virum Virus soll bidde.

Optimistesch dierft een elo scho sinn, mee et misst een och virsiichteg sinn, sou de Jens Spahn gëschter op enger Pressekonferenz, et kéint nach ëmmer e Réckschlag ginn, mee et kéint awer och op eemol ganz séier goen.

Et misst ee sech awer elo schonn gutt positionéieren an de Virdeel ausnotzen, datt eben eng däitsch Entreprise um Vaccin bedeelegt ass, sot de Jens Spahn am ZDF heute journal:

"Es gibt einen Vorvertrag, aber ja, ich möchte es auch schneller haben. Ich möchte vor allem auch, dass wir jetzt in den nächsten Tagen zu einem Abschluss kommen als Europäische Union. Ich könnte es als deutscher Gesundheitsminister auf jeden Fall schwer erklären, wenn in anderen Regionen der Welt ein in Deutschland produzierter Impfstoff schneller verimpft würde, als in Deutschland selbst."

Eng national Imfstrategie

Der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen no wier een a Verhandlunge fir an enger éischter Phas 300 Milliounen Vaccine ze kréien. Egal wéi ass awer kloer, datt et am Ufank net genuch Impfstoff wäert ginn, fir direkt all Mënsch ze impfen.

Dofir huet déi däitsch Bundesregierung eng national Impfstrategie entwéckelt, déi och festleet, wie bei den Impfungen prioriséiert soll ginn. Gëschter gouf e Plang heizou presentéiert a wéineg iwwerraschend stinn eeler Léit an aner Risikogruppen, sou wéi d'Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur uewen op der Lëscht.

Doniewent sollen awer och d'Personal aus de Schoulen, Crèchen oder der Police prioriséiert ginn. Um Enn misst och de gesellschaftlechen Notzen consideréiert gnin, heescht et am Text.

Et bleiwen oppe Froen

De Jens Spahn mengt, datt bal 40 Prozent vun der Populatioun als Risikogrupp kéint gezielt ginn, wat déi konkret Verdeelungsfroen net méi einfach mécht. Dem Gesondheetsminister no misst een hei sur place an och pragmatesch entscheeden, wien da vun den Prioriséierten als alleréischt geimpft gëtt.

Och sollen d'Impfungen Medieberichter no zentral an digital erfaasst ginn, fir den Iwwerbléck ze behalen. Fir d'Vaccinatioun sollen elo 60 Impfzentren am Land organiséiert ginn, mee nach bléiwen hei vill logistesch Erausfuerderungen ze meeschteren - zum Beispill, wei een den Enkpass beim medezinesche Personal oder den komplizéierten Transport a Stockage vum Vaccin soll léisen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Max Tholl
Lauschteren

Méi zum Thema

Vaccine
Corona-Impfstoff

Ëmmer méi Leit stieche sech mam Coronavirus un. Ëmsou méi gëtt op een Impfstoff gehofft. D'Europäesch Kommissioun huet Verträg mat Hiersteller ofgeschloss. Am Europaparlament mécht ee sech Suergen iwwer d'Transparenz vun deenen Accorden.

D'Sich no engem Corona-Impfstoff geet weider. Foto: Bigstock / kasto
Corona-Pandemie

AstraZeneka huet d'Tester vu sengem Corona-Impfstoff gestoppt. D'Prozedur soll awer net an d'Längt gezu ginn. Et ass net sécher, ob den Impfstoff dëst Joer nach zu Lëtzebuerg disponibel ass, esou d'Santé.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen