Europawahlen 2019 Wie kandidéiert fir d'Europaparlament?

60 Kandidate vun zéng Parteien trieden de 26. Mee bei den Europawahlen hei am Land un. Den Delai fir d'Lëschten ze deposéieren ass ofgelaf. Eng Analys vun de Kandidaten.

Pia Oppel / Claude Biver

Analys Europawahlen 2019
Foto: Bigstock / tanaonte.

All d'Parteien hu jeeweils dräi männlech an dräi weiblech Kandidaten. CSV, DP, LSAP, gréng a Lénk trieden iwwerdeems mat jeeweils engem Mann an enger Fra als Spëtzekandidaten un.

Aus Geschlechterperspektiv net equilibréiert si just d'Lëschte vun der Piratepartei an déi Konservativ, déi jeeweils just zwou Kandidatinnen hunn. Si hunn dem Parteiefinanzéierungsgesetz no dowéinst manner finanziell Ënnerstëtzung zegutt.

Demographesch Donnéeën

Den Duerchschnëttsalter vun de Kandidaten ass 43,5 Joer. Déi Konservativ hu mat enger Moyenne vu bal 52 Joer déi eelste Kandidaten, virun der DP mat 48 Joer. Déi lénk Kandidate si mat duerchschnëttlech 38 Joer am jéngsten, virun de VOLT-Kandidate mat 39 Joer.

Déi eelst Kandidate sinn de Martin Kox (déi gréng) an de Rolf Tarrach (VOLT) mat allebéid 71 Joer. Déi jéngst Kandidate sinn d'Mara Martins (déi Lénk) an de Christian Welter (Piratepartei/PID) mat 20 Joer.

Just zwee Kandidaten hunn net déi Lëtzebuerger Nationalitéit. 11 Kandidaten hunn nieft der Lëtzebuerger nach eng aner Nationalitéit.

Vill nei Kandidaten

48 vun de 60 Kandidaten trieden eng éischte Kéier bei Europawahlen un. Am heefegsten huet den DP-Spëtzekandidat Charel Goerens kandidéiert: Hien ass zanter den éischten Europawahle vun 1979 an deemno fir d'néngte Kéier dobäi. De Charel Goerens war zanter den 80er während am Ganze véier Mandater Europadeputéierten.

Op zweeter Plaz kënnt den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen, dee fir d'sechste Kéier mat an d'Europawahle geet - ouni jee ee Mandat kritt ze hunn.

Kandidate mat politescher Erfahrung

23 vun de Kandidaten hu schonn een anert politescht Mandat, déi meescht (17) op Gemengenniveau. Sechs Chamberdeputéiert gi mat an d'Wahlen.

Een Drëttel vun de Kandidate si Salariéen. 11 sinn oder ware Fonctionnairen, véier dovunner Enseignanten. Véier sinn oder waren Independant. Néng si Schüler oder Student. Fënnef si Pensionéiert.

Méi zum Thema

VOLT Europe Exklusiv
Europawahlen 2019

Déi pan-europäesch Partei Volt huet déi 250 Ënnerschrëften zesumme fir kënnen un den Europawahlen de 26. Mee deelzehuelen. Dat sot eis de President vu Volt Lëtzebuerg, George Penn.

LSAP Kongress
Europawahlen 2019

D'LSAP geet mat enger duebeler Spëtzt an d'Wahlen. De Schwéierpunkt vum Wahlmanifest läit op soziale Rechter an dem Klimaschutz. D'Kandidatelëscht gouf mat 90 Prozent vun de Stëmmen ugeholl.

Parteikongresser fir d'Europawahlen
Europawahlen 2019

Véier Parteien haten hire Kongress fir d'Europawahlen. DP, déi gréng, ADR an déi Lénk hunn hir Kandidaten an hire Wahlprogramm virgestallt. D'ADR presentéiert hire Programm ee Mount virun de Wahlen.

Europawahlen 2019
Europawahlen 2019

Ronn 12 Prozent vun den EU-Auslänner hu sech fir d'Europawahlen am Mee ageschriwwen. Deen Taux ass am Verglach mat 2014 konstant bliwwen. Vill Leit hunn och d'Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen