Uni Lëtzebuerg Wie gëtt neie Recteur op der Uni Lëtzebuerg?
Eng Rekrutementskommissioun ouni Regierungsvertrieder ass beoptraagt, fir en neie Recteur ze fannen. D'Gestioun vum Budget soll an Zukunft Deel vum Dagesgeschäft a méi transparent ginn. De Budget soll och net méi automatesch un de Minister weidergereecht ginn.
Fir den neie Recteur ze fannen, soll eng Rekrutementskommissioun mat siwe Leit zesummegestallt ginn, déi all dat selwecht Stëmmrecht hunn. An der Kommissioun solle véier Leit aus dem Conseil de gouvernance sinn, ee Vertrieder vun de Proffen, ee vun de Studenten an de President vum CRP Santé. Et wéilt een och mat enger auslännescher Rekrutementsagence zesummeschaffen.
"Akademesch Fräiheet" stäerken
Et wäert also kee Regierungsvertrieder an der Kommissioun vertruede sinn. Et kéint een natierlech doriwwer diskutéieren, ob et vläicht awer net schlecht wier, wann dat de Fall wier, mengt de gréngen Deputéierte Claude Adam.
"D'Decisioun war, fir do kee méi dobäi ze hunn, fir déi akademesch Fräiheet vun der Uni wierklech wäit goen ze loossen."
De Rainer Klump war jo nom Chaos ronderëm d'Opstelle vun de Joresbudgete vun der Uni Lëtzebuerg als Recteur zréckgetrueden. Den Interimsrecteur Ludwig Neyses sot am 100,7-Interview, datt et eng Management- an Organisatiouns-Kris op der Uni Lëtzebuerg ginn hätt ier de Budget 2017 ugeholl gi wier.
Opstelle vum Budget
D'Rektorat krut Hëllef vun der Berodungsfirma McKinsey fir de Budget opzestellen. Dës steet och dem Interimsrektorat ënnert dem Ludwig Neyses nach ëmmer zur Säit. D'Rektorat wier awer souverän an der Decisioun, seet den Uni-President, Yves Elsen.
"De Budget ass lo ganz einfach eng Saach vun der deeglecher Gestioun, a keng méi vum Conseil de gouvernance. Mat Ausnam, datt mir trimesteriell Rapporte kréien, wéi dat an all Institutioun an engem Conseil gemaach gëtt."
"E Schued um Image"
Dem Taina Bofferding no wier et nach ëmmer schwéier ze soen, firwat de Rainer Klump elo wierklech zréckgetrueden ass.
D'LSAP-Deputéiert mengt, et misst elo un de Prozedure bei der Uni geschafft ginn. Si begréisst d'Recommandatiounen, déi de Conseil vun der Uni nom negativen Avis iwwert de Budget gemaach huet. Ënner anerem, datt un der Prozedur muss geschafft ginn.
"'t ass wichteg, datt awer och elo wann en neie Recteur kënnt, sech dat wesentlech wäert verbesseren. Fir eben och esou Problemer z'evitéieren. Well ech mengen, domat ass kengem gehollef. Virun allem ass et och e Schued um Image."
Transparenz duerch nei Prozesser
Och de Claude Adam fuerdert Transparenz fir d'Uni bei der laangfristeger Planung. Dat wier wichteg fir d'Deputéiert, fir eventuell Komplikatioune virauszegesinn. An hirer Kontrollfunktioun hätt d'Chamberkommissioun keng finanziell Schwieregkeete kënne virausgesinn. D'Uni hätt nämlech virun zwee Joer een Iwwerschoss vun aacht Milliounen an 2016 ee vun zwou Milliounen gehat.
Fir méi Transparenz géifen op der Uni nei Prozesser agefouert ginn, seet den Yves Elsen. Bei de finanziellen an den administrative Prozesser soll e besseren a méi transparenten Oflaf garantéiert ginn. En Audit, wéi eng Parti Deputéierten geduecht hunn, wier awer kee gemaach ginn, esou den delegéierten DP-Héichschoulminister Marc Hansen.
Méi finanziell Autonomie
De Gesetzprojet iwwert d'Neiorganisatioun vun der Uni Lëtzebuerg gesäit iwwregens net méi vir, datt de Budget automatesch un de Minister weidergeet. Esou soll d'Budgetsprozedur vereinfacht an d'finanziell Autonomie vun der Uni gestäerkt ginn.